Naturschutzgebitt Pällembierg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Pällembierg ass en Naturschutzgebitt an de Gemenge Fluesweller a Wuermeldeng. Zu On erstreckt sech iwwer de Pällembierg, Wakelterbierg bis viru Meechtem laanscht d'Musel uewen op der Kopp e variéiert Gebitt mat Dréchewisen, wouvun 90,93 ha zanter dem 30. September 2005 ënner Naturschutz stinn.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Muselgéigend ëm Lëtzebuerg huet zu engem groussen Deel virun ongeféier 225 Millioune Joren de Mieresbuedem vum Muschelkallekmier forméiert. Dëst Mier mat engem héije Salzgehalt war räich u Muschelen, Schleeken, Wierm a Kriibsen. Mam Zréckgoe vum Mier huet Muschelkallekzäit ugefaangen, an där sech kallekegen an dolomitesche Sand ofgelagert huet, an de Muschelsandstee forméiert huet. Am Mëttlere Muschelkallek ass Gestengs entstanen, dat zum Rutschen tendéiert a meeschtens flaach gewellt Häng forméiert, op deenen haut bal all d'Wéngerten tëscht Wuermeldeng a Waasserbëlleg leien. Den ieweschte Fielsberäich besteet aus haardem Dolomitgestengs aus dem Ieweschte Muschelkallek. Déi Steng bestinn haaptsächlech aus rengen zerriwwene Schuele vu Mieresdéieren, wéi de Séililjen. D'Glidder aus hire Stiller (Trochiten) hunn der ënneschter Schicht (Trochiteschicht) vum Ieweschte Muschelkallek hiren Numm ginn.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

De Pällembierg wéist duerch seng besonnesch klimatesch Bedingungen (wéineg Reen an héich Temperaturen), seng Lag no Süd-Osten an duerch seng Buedembeschafenheet (waasserduerchlässegen dréchene Kallekbuedem, dee sech séier erhëtzt) charakteristesch Kennzeeche vun enger mediterraner Géigend op. Um Plateau wiisst als eenzeg Plaz zu Lëtzebuerg wëlle Pällem (Buxus sempervirens L.). De Bestand vun dësem ëmmergréngen Trausch ass ufanks vum 20. Joerhonnert duerch e Brand staark reduzéiert ginn, huet sech mëttlerweil awer nees gutt erholl. Duerch Zouwuesse vun den oppene Plaze riskéiert hi mat aneren Träisch konkurrenzschwaach Planze wéi Orchideeën, déi bis virun nach net al ze laanger Zäit do mat den Honnerte virkomm sinn, ze verdrängen. Haut fënnt een um Pällembierg nach Eenzelexemplare vun ëmmer hin zwielef verschiddenen Orchideeënaarten. Zu dësen Iwwerliewenskënschtler, déi nëmmen a Symbios (Liewensgemeinschaft mat géigesäitegem Notzen) mat engem Wuerzelpilz liewe kënnen, zielen ënner anerem d'Käerzeblumm (Orchis militaris), d'Vullenascht (Neottia nidus-avis) an de Bëschvillchen (Cephalanthera damasonium). En intressante Bewunner vum Pällembierg ass d'Cicadetta montana, déi een éischter am Mëttelmierraum erëm fënnt.

D'Liewensbedingungen am süd-ëstlechen exponéierte Fielsberäich vun der Muschelkallekwand sinn am Summer extrem haart. Schonn déi éischt Sonnestrahlen am fréie Mueren erhëtzen d'Fielsen, loossen Temperature klammen an dréchnen de more Buedem aus. Eréischt nuets ginn d'Fielse lues hir gespäichert Wäermt of, a beaflosse mat hirer imposanter Héicht d'Mikroklima an den ugrenzende Wéngerten, wouvun d'Riewe profitéieren. Eng speziell, un dës haart Konditiounen ugepasste Fauna a Flora ass do ze fannen. Um Fouss vun der Fielswand wiisst d'Käerzeblumm (Verbascum sp.) an d'Juddendrauf (Sedum album), déi sech plazeweis wéi en Teppech ausbreet. An de Fielssplécken an an den Dréchemauere vun de Wäibierger lieft d'Omes (Podarcis muralis). Si, déi Wäibiergklima léiwer huet, gëtt vun der Sonn opgewiermt a kann nëmmen sou flénk hin an hir huschen. Op de Geröllfläche mat Getraisch lieft d'Schléngnatter (Coronella austriaca), während d'Kréchel (Falco tinnunculus) am ieweschte Beräich vun der Fielswand heiansdo bréit. Ganz anescht sinn d'Konditiounen am Dall vun der Donwerbaach, dat vun engem Schluchtbësch an deem eng héich Loft- a Buedemfiichtegkeet herrscht an d'Duerchschnëttstemperaturen am Joer relativ ausgeglach sinn, ageholl gëtt. Tëscht dem Gëllendëmpel an der Gésbréck leeft d'Donwerbaach duerch en déiwen an enken Dall, dee sech am Laf vun der Zäit an d'Muschelkallekfielsen agegruewen huet. Mat hiren décke Gestengsbätz huet d'Baach de Charakter vun enger Biergbaach, déi sech bei staarke Schliet a kierzter Zäit an eng Baach mat grousser Stréimung verwandele kann, an där Beem a Steng matgerappt ginn. Typesch Bewunner vun der Donwerbaach, déi kloer, propper a séier fléissend Waasser brauchen, sinn d'Baachfrell (Salmo trutta) an d'Waassermärel (Cinclus cinclus). Nieft hinne fënnt d'Feieromes (Salamandra salamandra), déi fiicht Lafbëscher mat vill Schiet a sauerstoffräiche Baache gär huet, och hei ideal Liewensbedéngungen. De relativ schwéier zougänglechen, klengflächlege Schluchtbësch mat sengen onstabilen Häng gëtt vun der Bich (Fagus silvatica) dominéiert. Nieft hir wuessen tëscht ëmgefalene Beem, déi en héijen ekologesche Wäert hunn an den Aarteräichtum am Bësch erhéijen, och den Aaschtert (Acer pseudoplatanus), d'Lann (Tilia platyphyllos) a vereenzelt d'Esch (Fraxinus excelsior) do, während am direkten Uferberäich d'Alënter oder Eller (Alnus glutinosa) virkennt. An der Krautschicht ass déi rar Hirschzong (Phyllistis scolopendrium) an de Gëftschwanz (Actaea spicata) ze fannen. D'Steng vun den Uferhäng a Beräicher wou Waasser austrëtt gi vun 69 verschiddene Moosaarte bedeckt. Dës Pionéierplanzen, déi fiicht Liewensraim léiwer hunn, forméiere mat der Zäit Humus, deen als Ënnerlag fir aner méi exigent Planzen déngt.

Naturléierpad[änneren | Quelltext änneren]

An Zesummenaarbecht mat der Gemeng Wuermeldeng an der Forstverwaltung ass en interaktive Wäin- an Naturléierpad entstanen. Mat Depart zu On féiert de mëttel bis schwéiere Pad vu 4,5 km duerch d'Oner Wäibierger op de Plateau vum Pällembierg an nees laanscht an deelweis duerch d'Donwerbaach zréck. Ënnerwee vermëttelen iwwer 24 Panneauen op verschiddene Statiounen Intressantes iwwer d'Landschaft, d'Natur, de Wäin an d'Aarbecht vum Wënzer.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lahr, Jos, 1977. Wissenswertes vom Palmberg bei Ahn. In: 40 Jahre Basketballclub Palma Ahn 1977, S. 18-33 (cf. och Errata um Enn vun der Broschür).

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür: Wein- und Naturpfad Palmberg Ahn. Gemeng Wuermeldeng, Ëmweltministère - Forstverwaltung.