Naturschutzgebitt Griechten
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
D' Naturschutzgebitt Griechten ass en Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg, an de Gemenge Käerjeng a Garnech. D'Bestëmmunge vum Naturschutzgebitt goufen am Règlement grand-ducal vum 20. Juli 2017 festgehalen.[1].
Et handelt sech ëm en Areal vun 204,79 Hektar, ronderëm d'Quellegebitt vu fënnef klenge Baachen, déi zu der Mierbaach zesummelafen, inklusiv hiren zum Deel géien an zougewuessenen Uwänner.
D'Naturschutzgebitt Griechten ass Deel vun der Natura 2000-Zonen Hautcharage / Dahlem – Asselborner et Boufferdanger Muer (LU0001025) an Région du Lias moyen (LU0002017).[1]