Op den Inhalt sprangen

Naturschutzgebitt Haard

Vu Wikipedia
Naturschutzgebitt Haard
Op der Haard am Hierscht 2018
Land Lëtzebuerg
Plaz Diddeleng, Keel, Rëmeleng
Fläch 590 ha
Nationalcode RD 16
Koordinaten 49°28'30"N, 6°3'47"O
Geschützt zanter 30. Juli 1994


D'Haard ass en Naturschutzgebitt an de Gemengen Diddeleng, Keel a Rëmeleng. An a ronderëm engem fréieren Äerzofbaugebitt erstreckt sech iwwert d'Lieu-diten Haard, Hesselsbierg a Stäbierg eng ofwiesslungsräich Géigend aus Bësch, oppener Landschaft a géie Wänn, wouvun zirka 590 ha zanter dem 30 Juli 1994 ënner Naturschutz stinn[1] an 157 ha als Naturbësch klasséiert goufen. D'Haard ass dat gréisst Naturschutzgebitt vu Lëtzebuerg.

Entstoen a Successioun

[änneren | Quelltext änneren]
D'Natur hëlt sech hir Plaz erëm

Déi haiteg Reserv ass an der Doggerlandschaft. D'Schichtstuf vum Dogger, déi do aus den Etage vu Bajocium an Aalenium besteet an déi sech virun ongeféier 175 Millioune Joren entwéckelt huet, bilt de Laangebierg (Frankräich) a Richtung Norden an dréit bei Diddeleng no Westen a Richtung Esch of. Ënner hir leien déi mëll Schichte vum mëttlere Lias. Hir ass de Gehaansbierg als Zeiebierg virgelagert. Op der Bajocium-Stuf, déi aus Kallekschichte besteet, stinn haut nach deelweis am Gebitt déi ursprénglech Kallekbichebëscher. D'Aalenium-Stuf setzt sech aus den eisenäerzhaltege Minettschichten zesummen, déi laang Zäit a Galerien an ënner fräiem Himmel ofgebaut gi sinn.

Nom Stopp vun der Exploitatioun vun der Minett ënner fräiem Himmel, huet de Mënsch tëscht de Kallekbichebëscher an der ursprénglecher Kulturlandschaft mat Felder a Wisen eng staark verännert Landschaft aus géie Fielswänn, Minièresagäng a Schlakentippen hannerlooss, déi sech an de leschte Joerzéngte selwer iwwerlooss goufen. No an no huet d'Natur, iwwer verschidde Vegetatiounsstadien (Successioun), nees Besëtz vun der Landschaft ergraff. Fir d'éischt hu sech Algen, Pilzen, Mooser a Flechten um kale plakege Steebuedem ofgesat. Op de Plaze wou sech bëssche Buedem usammele konnt, hu Pionéierwisen an Dréchewisen ugefaange sech auszedeenen. Charakteriséiert duerch Dréchenheet, Nierstoffaarmutt, Hellegkeet a Wäermt, stelle si och nëmmen eng kleng Etapp an der Evolutioun zum Bësch duer. Lues a lues besidele wéinst hirem liichten a fluchfäegem Som Pionéiertraisch wéi z. B d'Bierk (Betula pendula), an den Hieselter déi mat hire Wuerzelsystemer d'Gestengs stabiliséieren an d'Erosioun limitéieren, déi Wisen. Hire Schiet verdreift déi typesch Wisevegetatioun, déi vill Luucht brauch, anerersäits schafe si ideal Konditioune fir d'Geseems vun der leschter Evolutiounsetapp. Als Endstadium breet sech e Kallekbichebësch aus, sou wéi e fréier op deene Plazen doheem war.

Wéinst der grousser ekologescher Bedeitung a der besonnescher Landschaft si mam groussherzoglechem Reglement vum 30. Juli 1994 eng 594,34 ha als Naturschutzgebitt ausgewise ginn.

De Minettofbau huet eng Partie nei a wäertvoll Liewensraim an der Reserv geschaf, aus deenen Déieren- a Planzewelt grousse Profit zitt. Um Bord vum Plateau Haard läit e Schlakentipp, wou fréier déi mam Humpen aus der Diddelenger Schmelz gekippte Schlak entsuergt gouf. De fréieren Tipp stellt haut e Refuge fir vill Aarten, déi d'Sonn an d'Wäermt appreciéieren, duer. Ënner hinne fënnt een d'Bëschléierchen (Lullula arborea), de Broochschësser (Oenanthe oenanthe) oder d'Schléngnatter Coronella austriaca. Grouss Änlechkeet hu ruderal Wisen, déi e gënschtege Liewensraum fir vill Orchideeën schafen. Am Ganze goufen eng gutt 20 Orchideeënaarten an de Bëscher mat hiren dréchenen a kallekhaltege Biedem, op de Pionéier- an Hallefdréchewise festgestallt. De Bocksbaart (Himantoglossum hircinum) an de Gehaangene Männchen (Aceras anthropophorum) zielen zu de raren Zorten. De Bléieräichtum zitt eng 525 Zorte vu grousse Päiperleken un, wouvun eng 243 op der Rouder Lëscht vu geschützte Päiperleken zu Lëtzebuerg stinn.

Déi Liewensraim riskéiere wéinst der Successioun op laang Dauer ze verschwannen. Wann dës oppe Flächen net reegelméisseg ënnerhale ginn, da verbusche se mat der Zäit a verdrängen déi rar Aarte vun den Dréchewisen. Fir keng Traisch opkommen ze loossen, gi se zanter dem Hierscht 1999 vun engem Schofstrapp (Moorschnucken), dee vun engem Hiert a sengen Hënn begleet gëtt, extensiv ofgegraast.

Déi géi Fielswänn si mat hirer Héicht a Längt eng eenzegaarteg a wäertvoll Ergänzung zu de wéinegen natierleche Fielsbiotopen aus dem Land. Si gëllen als déi längst an impressionnantst géi Wänn a ganz Europa. D'Vegetatioun op de Fielswänn ass charakteriséiert duerch konkurrenzschwaach Planzen, déi d'Sonn an d'Wäermt gär hunn, u grouss Temperaturënnerscheeder an Nierstoffaarmut ugepasst sinn. D'Bierk ass eng Pionéieraart, déi séier a Fielssplécken, nodeem sech e bëssche Buedem ugesammelt huet, Fouss faasse kann. Den Uhu (Bubo bubo) baut säin Nascht an d'Nische vun de Fielswänn, wärend am Summer Feieromes (Podarcis muralis), Bëschfeieromes (Lacerta agilis) an de Blannschlécher (Anguis fragilis) sech hei sonnen. D'Wëll Kaz (Felis sylvestris), déi grouss Bëschgebidder mat fielsaartege Beräicher appreciéiert, ass nieft dem Schwaarzspiecht (Dryocopus martius) an dem Dachs (Meles meles) e Bewunner vun de Kallekbichebëscher aus der Reserv.

Naturléierpad

[änneren | Quelltext änneren]
Panneau vun de Léierpied

Am Joer 1997 ass vum Ëmweltministère an der Forstverwaltung an Zesummenaarbecht mat de Gemengen Diddeleng, Keel a Rëmeleng een Natur-Kultur-Léierpad amenagéiert ginn. Dëse Pad bréngt dem Naturfrënd mat siwwenzéng verschiddenen thematesche Statiounen d'Schéinheeten, Besonnesches vun der Natur an d'Geschicht vum Gebitt méi no. De Léierpad deelt sech an eng 8,6 km laang "rout Schleef" an eng "blo Schleef" mat 5,8 km op, déi problemlos mat enee kombinéiert kënne ginn. Zu Diddeleng am Frankelach, bei der Carrière Cloos, zu Téiteng a Laangertegronn an zu Rëmeleng op Wuederten ass de Léierpad z'erreechen.

  • Ministère du développement durable et des infrastructures, Administration de la nature et des forêts, 2014. Naturschutzgebiet/Réserve naturelle Haard-Hesselsbierg-Stäbierg, 3e édition, 2010, 26 S. PDF
  • Cungs, J., A. Jakubzik & K. Cölln, 2007. Biotop- und Artenschutz im Erzbecken Luxemburgs. Bienen und Wespen (Hymenoptera Aculeata) im Naturschutzgebiet 'Haardt' bei Düdelingen. Bestandserfassung und Pflegekonzept. Bembecia Bd. 1. 248 S. Lëtzebuerg. Dréckerei Graphic Press, Houwald.
  • Wewell von Krüger, A. & U. Brockamp, 2011. Waldstrukturaufnahme 'Haard' 2009. Naturwaldreservate in Luxemburg Bd. 7. Naturverwaltung Luxemburg. 72 S. ISBN 978-2-9599675-7-3. Pdf
Commons: Réserve naturelle Haard - Hesselsbierg - Staebierg – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Broschür: Naturschutzgebiet - réserve naturelle Haard-Hesselsbierg-Staebierg. Ëmweltministère - Forstverwaltung, 1999.
  • Depliant: La gestion de zones protégées à l'aide d'un pâturage itinérant. Forstverwaltung, 2001.
  1. Règlement grand-ducal du 30 juillet 1994 déclarant zone protégée les sites Haard-Hesselsbierg-Staebierg englobant des fonds sis sur le territoire des communes de Dudelange, Kayl et Rumelange. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 09.01.2020.