Schlakentipp
Ausgesinn
E Schlakentipp ass en Terrain, op dem d'Schlak, déi bei der Eisefabrikatioun entstanen ass, deposéiert gëtt.
D'Schlak gëtt gewéinlech iwwer d'Eisebunn vun der Schmelz op de Schlakentipp gefouert, wou s'a spezielle Waggonen ("Humpe" genannt) op den Terrain transportéiert an do ausgetippt gëtt. Doduerch kënne gréisser Hiwwelen entstoen.
Verschidde Schlakentippen déi net méi a Betrib sinn, sinn haut en Deel vun Naturreservater an et kann een do spadséiere goen.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Schlakentippen – Biller, Videoen oder Audiodateien |