Schmelz

Vu Wikipedia
Arbed-Belval aus der Loft am Abrëll 1991
Schema vun engem Héichuewebetrib
1. Minett a Kalleksteen
2. Kock
3. Bandlift
4. Giicht a Giichtklapp
5. Schicht Kock
6. Schicht vu Minett a Kalleksteen
7. Waarm Loft (ëm 1200 °C)
8. Schlakelach
9. Goss
10. Humpen
11. Torpedo
12. Stëbsfilter
13. Cowper fir d'Loft ze hëtzen
14. Schaarschtech
15: Loftrouer fir d'Cowperen
16. Kuel
17. Kockuewen
18. Kock
19. Giichtgasréier

Eng Schmelz ass eng industriell Installatioun, déi als Zil huet, duerch Aschmëlze vu Matière eng aner Matière hierzestellen, déi verschafft a verkaaft ka ginn.

Etymologesch kënnt d'Wuert Schmelz vum Verb "schmëlzen", dat eng Ännerung vum cheemeschen Agregatiounszoustand vun enger Matière bedeit.

An der Entwécklung vun der Lëtzebuerger Siderurgie hu Schmelzen zu Lëtzebuerg eng grouss Roll gespillt.

Äerz, notamment Lëtzebuerger Minett, déi virun allem am Süde vum Land an der sougenannter Minettsgéigend ofgebaut ginn ass, ass a Schmelzen verschafft ginn.

Produktiounsweis[änneren | Quelltext änneren]

An Héichiewe gëtt mat Hëllef vu Brennmaterial (dacks Kock) Äerz sou erhëtzt, datt d'Metall sech aus dem Stee léist. Dat elo flëssegt, also ageschmolt Material, gëtt iwwer Eisen- oder Stolstroossen aus dem Héichuewe geleet an zu diverse Produkter verschafft.

Standuerter vu Schmelzen zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schmelzen – Biller, Videoen oder Audiodateien