Eecher Schmelz

Vu Wikipedia

D'Eecher Schmelz vun de Bridder Metz war zu hirer Zäit déi modernste Schmelz zu Lëtzebuerg, ier duerno nei Technologië bei den neie Schmelze vun Dummeldeng, Diddeleng an Esch-Uelzecht an den Asaz koumen. Gouf bis dohi mat Bounenäerz geschafft, hunn d'Metzen zu Eech ugefaangen, Minett anzesetzen. Hei gouf awer nach ëmmer Goss a kee Stol produzéiert.

D'Gesellschaft hanner der Eecher Schmelz war d'Société en commandite Auguste Metz & Cie déi 1865 an Société en commandite des Forges d'Eich, Metz & Cie ëmbenannt gouf.

D'Eecher Schmelz ass 1845 vum Auguste Metz op engem Terrain laanscht d'Millebaach, op deem säi Brudder Norbert eng Mille bedriwwen hat, gebaut ginn. De Pachtvertrag mat der Société d'industrie luxembourgeoise fir den Terrain an d'Wasserkraaft ass den 1. Januar 1846 fir 11 Joer ugelaf. Den 22. Januar 1847 hunn d'Bridder Metz de "Loutzenbau" an d'Terrainen awer defintiv kaaft.

Den éischten Héichuewe gouf nach mat Holzkuele bedriwwen ier d'Kock d'Preferenz krut. Vun 1847 un gouf zu Eech Minett vun Esch-Uelzecht mat abruecht. Schonn 1845 hätt zu Eech déi éischt Dampmaschinn zu Lëtzebuerg funktionéiert. 1848 huet den Auguste Metz d'Autorisatioune gefrot fir d'Eecher Schmelz staark auszebauen. Dës Pläng goufen awer ni komplett ëmgesat, well net kloer war op d'Eisebunn wierklech, wéi vun de Metze gemengt, laanscht hir Schmelz fuere géif. 1858 hunn dräi Héichiewen zu Eech Eise gekacht.

Wéi kloer gouf, datt d'Eisebunn net duerch d'Millebaach géif fueren, huet de Norbert Metz vun 1865 un eng nei Schmelz zu Dummeldeng gebaut. D'Eecher Héichiewe si vun do un een nom aneren zougemaach ginn, dee leschten am Joer 1874. D'Eecher Schmelz war duerno éischter eng Géisserei an huet sech virun allem op d'Fabrikatioun vu gossen Iewen (d'Däiwelcher), Taken, Dëppen an op e Konstruktiounsatelier spezialiséiert.

Wéi d'ARBED 1911 gegrënnt gouf, war et awer Eech dat an den Numm vun den Aciéries réunies de Burbach-Eich-Dudelange opgeholl gouf.

D'Géisserei ass 1962 zougemaach ginn an op Diddeleng verluecht ginn. Du blouf zu Eech just nach de méchaneschen Atelier deen 1858 opgemaach gouf. Um Site vun der Eecher Schmelz gouf bis 1977 produzéiert. 1980 goufen d'Reschter vun der Schmelz ofgerappt.

Zanter 2002 steet um Site vun der Eecher Schmelz e grousst Lotissement vum Fonds du Logement mat 220 Wunnengen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Biographie nationale du Pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu'à nos jours. Collection présentée par Jules Mersch, XXII fasc., 1947-1975, pp. 557–562

Félix Chomé: ARBED, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, Lëtzebuerg, ouni Datum