Eisebunn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Transportation template.svg Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Eisebunn

Erklärung[änneren | Quelltext änneren]

D' Eisebunn ass e schinnegebonnenen Transportsystem dee sech zesummesetzt aus der Infrastruktur (haaptsächlech d'Gleiser an d'Weichen) an den Zich, déi vu Lokomotive gezu ginn oder als Automotrice fueren.

Als Eisebunn gëtt gemengerhand och d'Gesellschaft, déi de Betrib bedreift, verstanen. D'Personal vun der Eisebunn gëtt "Eisebunner" genannt.

Grondsätzlech Charakteristiken[änneren | Quelltext änneren]

Dampzuch am Fond-de-Gras

D'Eisebunn ënnerscheet sech vun aneren Transportmëttel duerch folgend Punkten:

Technik[änneren | Quelltext änneren]

  • Duerch de Kontakt vu Stol op Stol (Rad / Schinn) entsteet eng Fortbewegung mat niddregem Reifwidderstand, wat awer laang Bremsweeër mat sech bréngt. Ausserdeem bedéngt dat och datt keng géi Steigungen kënne bewältegt ginn. Déi meescht Eisebunnsstrecken lafen dodurch am Fong vum Dall a benotzen opwänneg Bauwierker wéi Brécken an Tunnellen.
  • D'Bewegung ass schinnegebonnen. Den Zuch kann a muss do fuere wou d'Schinne leien. E kann also selwer nëmme no vir oder no hanne fueren. E Gleiswiessel ass méiglech mat Hëllef vu Weichen. En Iwwerhuelen um selwechte Gleis ass onméiglech.
  • D'Fueren am Convoi. D'Wagonen kënne net eleng circuléieren (wéi d'Autoen op der Strooss). Dofir gi se zu Zich zesummegesaat, déi vun enger Lokomotiv gezu ginn. Dat erlaabt eng grouss Transportkapazitéit bei klengem Bewegungswidderstand. Et bedéngt awer datt den Opbau an d'Attelagen (de Krop mat deem d'Wagonen unenee gestréckt ginn) vun de Wagonen bestëmmte minimal technesch Konditiounen erfëllen.

All dës Charakteristiken erfuederen e speziellen Betribssystem. Fir d'éischt-mol e strikte Sécherheets- a Signalisatiounssystem an dann nach e méiglechst prezise Fuerplang. Doduerch ass et méiglech fir d'Energiekäschten anzegrenzen an en héije Sécherheetsniveau ze garantéieren.

Economie[änneren | Quelltext änneren]

  • "Transport en commun": D'Eisebunn ass per Definitioun e Massentransportmëttel a gëtt als solches vum Staat reglementéiert an ënnerstëtzt (Service public). Den Afloss op den Urbanissem ass net z'ënnerschätzen an ass e wichtegen Aspekt vun der Landesplanung.
  • "Monopolstellung": Wéinst den héijen Investitiounskäschten beim Bau vun Eisebunnsstrecken huet d'Eisebunn eng natierlech Monopolstellung an, am Krichsfall, strategesch militäresch Missiounen.
  • "Integréierten Transport": déi staark géigesäiteg an technesch bedéngt Ufuerderungen tëscht der Infrastuktur an dem Zuchbetrib hunn an Europa dozou gefouert datt gréisstendeels integréiert Eisebunnsentreprisen entstane sinn. Dat wëllt soen datt dës Gesellschafte souwuel d'Gestioun vun hirem Streckenetz wéi och d'Exploitatioun vun den Zich bedriwwen hunn. Déi aktuell EU-Politik wëllt an Zukunft d'Exploitatioun vun den Zich opmaache fir all Konkurrent an d'Gestioun vun de Gleisanlage vu getrennten Entreprisen maache loossen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

D'Eisebunn gouf 1825 an England "gebuer" an zwar am Zesummenhank mat der industrieller Revolution. Déi éischt Streck um europäesche Festland ass a Frankräich tëscht Saint-Étienne an Andrézieu 1827 a Betrib gaangen.

Déi gréisst Entwécklung huet d'Eisebunn an de Joren 1848 bis 1914 erlieft, haaptsächlech an Europa an a Nordamerika. Nom Éischte Weltkrich huet se Konkurrenz kritt vun den Autoen an de Camionen. Nom Zweete Weltkrich koum nach d'Konkurrenz vun der Aviatioun dobäi.

D'Pëtrolskris vun 1973 huet der Eisebunn en neien Opschwonk bruecht. ICE (InterCityExpress) an TGV (Train à Grande Vitesse) goufen entwéckelt an op d'Schinne gesat.

Zu Shanghaï (China) ass eng 43 km laang "Magnéitschwiewbunn" a Betrib geholl ginn. Och dat kéint e seriöse Konkurrent fir d'Eisebunn ginn.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt heizou den Artikel Geschicht vun der Eisebunn zu Lëtzebuerg.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

Zich[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rail transport – Biller, Videoen oder Audiodateien