European Rail Traffic Management System

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De European Rail Traffic Management System, kuerz ERTMS, ass e System fir de Management, d'Steierung sowéi d'Sécherung vun europäeschen Eisebunnslinnen. Den ERTMS besteet aus zwéin Deeler:

  • Den ETCS, en Zuchsécherungssystem.
  • De GSM-R, e Funkstandard fir d'Telefonie an den Datefunk vun der Eisebunn.