Bréck

Vu Wikipedia
Dëst Lemma huet méi wéi eng Bedeitung. Hei drënner stinn déi Artikelen, déi et fir déi verschidde Bedeitunge gëtt. Fir méi Informatiounen, liest wgl. den Artikel iwwer d'Homonymie an der Wikipedia.

De Begrëff Bréck huet e puer Bedeitungen:

  • Bréck an der Architektur: e Bauwierk oder eng Konstruktioun fir Stroossen, Eisebunnen oder Waasserstroossen iwwer en Hënnernes ze féieren.
  • Bréck an der Technik: e Bréckekran, eng Zort Kran deen op zwou säitleche Schinne ka beweegt ginn, och nach bekannt ënner Pont roulant
  • Bréck an der Zänntechnik: eng Zort vu kënschtlechem Gebëss fir een oder méi verlueren Zänn tëscht zwéin anerer z'ersetzen
  • D'Bréck maachen, een Dag deen ee sech fräi hëlt tëscht Sonndeger a Feierdeeg.
  • Bréck am Turnen: eng Turnübung, woubäi de Kierper mam Réck no ënnen a Form vun engem Bou duerchgebéit gëtt, an op Äerm a Bee rout.
  • Bréck op engem Schëff: d'Kommandobühn op engem Schëff
  • Bréck (Teppech): e kuerze schmuelen Teppech
  • Bréck (Ringen): Verdeedegungsstellung beim Ringen, bei där dee méi schwaache Ringer mat de Fousssuelen a mam Kapp de Buedem beréiert.
  • Bréck (Plou): de Verstellbigel bei engem Plou

Zesummegesat Wierder: