Signallanter

Vu Wikipedia
Eng Handlanter am israeeleschen Eisebunnsmusée

Signallanteren och Signalisatiounslantere ware Lanteren déi d'Eisebunnssignaler a -gefierer ekipéiert hunn oder vum Eisebunnsperonal am Fuerdéngscht gebraucht goufen.

Am Ufank waren dat Ueleglanteren, déi duerno mat Pëtrolslanteren ersat goufen. Se haten dacks zwou Lënsen déi ëm 90 Grad versat waren, oder ware mat Spigelen ekipéiert déi d'Liicht reflektéiert hunn. Et gouf och Lanteren déi mat Acetylène bedriwwe goufen. Déi goufen a Frankräich besonnesch um Staatsreseau agesat.

D'Personal dat sech ëm d'Lantere bekëmmert huet waren d'Lampisten an den Atelier oder Ënnerstand fir d'Lantere war d'Lampisterie.

Biller[änneren | Quelltext änneren]