Dréischeif

Vu Wikipedia
Eng däitsch Rekolok Serie DR 52-80 op enger Dréischeif am Eisebunnsmusée Dresden-Altstadt

Eng Dréischeif ass eng technesch Installatioun op der Eisebunn fir Lokomotiven ze dréinen.

Fréier, wéi d'Lokomotiven nach keng zwéi Führerstänn haten, hu se dacks misse gedréint ginn. Haut, mat Lokomotiven déi op béide Käpp e Führerstand hunn, ass en Dréine seelen an deelweis souguer iwwerflësseg ginn.

Am Stadter Triage gëtt et zwou där Dréischeiwen.