Op den Inhalt sprangen

Metro

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Transportmëttel Metro. Fir déi lëtzebuergesch Museksgrupp, kuckt wgl. Metro (lëtzebuergesch Museksgrupp).
Eng Metrosstatioun mat Waggon zu Bukarest

E Metro ass een ëffentlecht Verkéiersmëttel, dat haaptsächlech ënnerierdesch verkéiert.

Den Ufank vum Metro geet op déi zweet Hallschent vum 19. Joerhonnert zeréck. Zu London gouf den éischte Metro gebaut. Well deen allerdéngs mat Damplokomotive gelaf ass, wat an Tunnellen net praktesch ass, war et laang deen Eenzegen. Déi nächst Metroen sinn dunn eréischt 1895 zu Chicago, 1896 zu Budapest a Glasgow opgaangen an 1900 zu Paräis.

Eréischt mat der Aféierung vun Elektrolokomotive gouf de Metro populär. De 4. November 1890 ass zu London den éischten elektresch ugedriwwene Metro gefuer.

Wärend knapps engem Joerhonnert huet de Metro an Nordamerika an an Europa e richtege Boom duerchlieft, mä zanter dem Enn vum 20. Joerhonnert ginn net méi vill nei Metroslinnen an deenen Länner gebaut. Asien ass elo den neie Spëtzereider wat d'Konstruktioun vu Metroslinnen ugeet.

De Kairoer Metro huet 1987 opgemaach an ass domat deen éischten an Afrika an an der arabescher Welt.

2021 ware 15 vun den 20 längste Metrosnetzwzierker an Asien, dovun eleng 13 an der Volleksrepublik China.

An Europa sinn déi längst Netzwierker de Moskauer Metro (412 km), de Londoner Metro (402 km), de Metro vu Madrid (294 km), de Paräisser Metro (220 km), de Berliner Metro (148 km) an den Istanbuler Metro (135 km).

Weltwäit sinn d'Metroe mat de meeschte Passagéier zu Shanghai mat 2,8 Milliarde Passagéier (2020), zu Tokio mat 2,8 Milliarde Passagéier (2019), an zu Moskau mat 2,6 Milliarde Passagéier (2019).

Am Benelux ass de Rotterdamer Metro (101 km) am längsten, obwuel den zweetgréissten, de Bréisseler Metro (40 km), méi Passagéier transportéiert (165 Milliounen am Joer 2019).

Commons: Rapid transit – Biller, Videoen oder Audiodateien