Ëffentlechen Transport

Vu Wikipedia
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den ëffentlechen Transport ass en Transportmëttel, deen dora besteet, méi Persoune mateneen vun A op B ze bréngen. E gëtt gewéinlech vu staatlechen, regionalen oder kommunalen Autoritéiten organiséiert, a vun ëffentlechen Entreprisen, oder Privatentreprisen, déi eng Konzessioun dofir hunn, ausgeféiert.

Déi geleefegst Transportmëttele vum ëffentlechen Transport si Bussen oder schinnegebonne Gefierer (Eisebunn oder Tram).

Den ëffentlechen Transport ass gewéinlech no engem Plang organiséiert, d.h., e fiert op festgeluechte Linnen, resp. Reseauen zu festgeluechten Zäiten.

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg.