Ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg
![]() |
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gëtt vu verschiddenen ëffentlechen Instanzen organiséiert:
- D'Eisebunnsgesellschaft Chemins de Fer Luxembourgeois (CFL) ass fir den Zuchverkéier zoustänneg. Doriwwer eraus bedreift d'CFL och Bussen op fréieren Zuchstrecken, an eng Standseelbunn.
- Et ginn zwee (inter)kommunal Busreseauen:
- Donieft gëtt et honnerte vu Buslinnen, déi am Kader vum RGTR u privat Busfirmae konzessionéiert a vum Staat subventionéiert ginn.
- D'Firma LuxTram (de Staat huet zwee Drëttel, d'Stad een Drëttel vum Kapital), déi de Stater Tram bedreift.
Zanter dem 29. Februar 2020 ass d'Fuere mam ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg gratis. Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gratis ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg.
Zuelen[änneren | Quelltext änneren]
D'Exploitatioun vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg kascht ronn 540 Milliounen Euro d'Joer (dovu waren der virum Gratis-Maachen 41 Milliounen duerch de Verkaf vun Tickete gedeckt)[1].
2019 si ronn 45 Millioune Passagéier zu Lëtzebuerg mam Bus, Zuch oder mam Tram gefuer[1].
Am ganze Secteur vum ëffentlechen Transport schaffe ronn 6.000 Leit: Bei den CFL sinn et der eng 5.000, dovunner 3.500 am Voyageursberäich, de Rescht an der Logistik; bei Luxtram schaffen 145 Leit (wou nach 40 nei Tramschauffere bäikommen); an am Busservice schaffen ongeféier 2.900 Persounen[1].
Biller[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ 1,0 1,1 1,2 Annick Goerens: "Ronn 45 Millioune Passagéier d'Joer an d'Tendenz klëmmt." rtl.lu, 25.02.2020.