Régime général des transports routiers

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) RGTR)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Logo

De Régime général des transports routiers, ofgekierzt RGTR, ass e Bussystem zu Lëtzebuerg, deen den Transport tëscht de verschiddenen Uertschaften am ganze Land garantéiert. Verschidde Linne ginn och iwwer d'Grenzen eraus. Den RGTR assuréiert och de Schülertransport vum Enseignement secondaire an déi entspriechend Schoulen.

En ass dem Nohaltegkeetsministère ënnerstallt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Duerch en Ofkommes vum 25. Februar 1978 tëscht dem deemolegen Transportminister Josy Barthel an dem President vum CFL-Verwaltungsrot krut d'CFL d'Konzessioune fir de Betrib vun de Strecke vum ëffentleche Persouneverkéier oferkannt an de koordinéierte System CFL-CRL gouf vum 1. Mäerz 1978 un direkt dem Verkéiersministère ënnerstallt, wouduerch déi nei Organisatioun Régime général des transports routiers (RGTR) entstanen ass. D'CFL kruten awer vum Ministère den Optrag, déi technesch Organisatioun an d'Comptabilitéit vum RGTR auszeféieren.

Zanter 1996 ginn d'Busservicer vum RGTR mat direkte Kontrakter tëscht dem Ministère an der CFL respektiv de private Busfirme geregelt.

Linnen[änneren | Quelltext änneren]

Déi méi wéi 350 Buslinne ginn am Optrag vum Staat mat Busse vun der CFL, private Busfirmen a vum AVL bedriwwen. Déi meescht funktionéieren no engem festen Takt mat wéinstens engem Depart an der Stonn.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den RGTR-Buslinnen

E Volvo Hybridbus vun der Linn 205 an der Busgare zu Esch-Uelzecht
E Bus vun der Linn 290 an der Neier Avenue, bei der Halt Paris-Zitha

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]