Régime général des transports routiers

Vu Wikipedia
Régime général des transports routiers
RGTR-Bus am neie Layout (2022)
Régime général des transports routiers
RGTR
Land Lëtzebuerg
Secteur Ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 4, rue Charles Bernhoeft
Ënnersteet der/dem Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
Gegrënnt 25. Februar 1978
Um Spaweck http://www.transports.lu
Logo

De Régime général des transports routiers, ofgekierzt RGTR, ass e Bussystem zu Lëtzebuerg, deen den ëffentlechen Transport tëscht de verschiddenen Uertschaften am ganze Land garantéiert. Verschidde Linne ginn och iwwer d'Grenze vum Land eraus. Den RGTR assuréiert och de Schülertransport fir d'Secondaireschoulen grad wéi och eng Rëtsch Wierkslinne bei verschidde Fabricken oder an Industriezonen.

En ass dem Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten ënnerstallt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Duerch en Ofkommes vum 25. Februar 1978 tëscht dem deemolegen Transportminister Josy Barthel an dem President vum CFL-Verwaltungsrot krut d'CFL d'Konzessioune fir de Betrib vun de Strecke vum ëffentleche Persouneverkéier oferkannt an de koordinéierte System CFL-CRL gouf vum 1. Mäerz 1978 un direkt dem Verkéiersministère ënnerstallt, wouduerch déi nei Organisatioun Régime général des transports routiers (RGTR) entstanen ass. D'CFL kruten awer vum Ministère den Optrag, déi technesch Organisatioun an d'Comptabilitéit vum RGTR auszeféieren.

Zanter 1996 goufen d'Busservicer vum RGTR mat direkte Kontrakter tëscht dem Ministère an der CFL respektiv de private Busfirmae gereegelt.

Am Joer 2016 gouf ugefaangen de Reseau vun den RGTR-Busse weiderz'entwéckelen an ëmz'organiséieren, fir d'Mobilitéit laangfristeg ze verbesseren. No verschiddene Phase vun der Ëmstrukturéierung gouf déi lescht Etapp de 17. Juli 2022 agelaut an deen Dag krut praktesch all RGTR-Linn eng nei Nummer[1].

Mat der Aféierung vum neie Reseau war och d'Ära vun den direkte Kontrakter eriwwer an zanterhier ginn d'RGTR-Linnen op Basis vun enger ëffentlecher Ausschreiwung assuréiert[2]. Et gouf och eenheetlechen Design vun de Bussen ageféiert bei deem just zwou Sträifen an der „Hausfaarf“ vun der jeeweileger Firma op dem soss wäiss-groe Visuell erausstiechen[3].

Linnen[änneren | Quelltext änneren]

Op de 17. Juli 2022 zielt den RGTR 463 Linnen: 179 regulär, 263 Schoul- an 21 Wierkslinnen. Déi regulär Linnen hunn eng dräistelleg Nummer (z. B. 201 Lëtzebuerg - Iechternach), d'Schoullinnen hunn e Buschtaf an eng zweestelleg Nummer (z. B. D10 Geesseknäppchen - Duelem) an d'Wierkslinnen eng zweestelleg Nummer an de Suffix U (z. B. 70U Rodange - Colmer-Bierg).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun den RGTR-Buslinnen.

Déi meescht Linne funktionéieren no engem festen Takt mat wéinstens engem Depart an der Stonn.

Nummeresschema[änneren | Quelltext änneren]

Éischt Ziffer[änneren | Quelltext änneren]

Bei de reguläre Linne gëtt déi éischt Ziffer d'Regioun u wou se fiert.

  • Linnen 101-199 – Regioun Norden
  • Linnen 201-299 – Regioun Osten (Iechternach)
  • Linnen 301-399 – Regioun Osten (Waasserbëlleg)
  • Linne 401-499 Regioun Osten (Réimech)
  • Linne 501-599 – Regioun Süden (Diddenuewen)
  • Linne 601-699 – Süden (Esch/Uelzecht)
  • Linne 701-799 – Regioun Süden (Péiteng)
  • Linnen 801-899 – Regioun Westen (Stengefort)
  • Linnen 901-999 – Regioun Westen (Réiden)

Zweet Ziffer[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Ziffer definéiert d'Funktioun vun der Linn[4]:

  • x0x: Eng Null ass fir eng Expresslinn déi op enger Haaptachs fiert a wichteg Zentrume mat der Stad oder der Nordstad verbënnt. Eng Expresslinn bleift net op all Halt stoen déi op der Streck läit. Et gëtt 37 esou Expresslinnen.
  • x1x: D'Ziffer 1 definéiert eng primär Regionallinn déi op enger gewëssener Achs fiert an – entgéint der Expresslinn – op all Halt op der Streck stoebleift.
  • x2x: Mat der 2 gëtt eng sekundär Regionallinn definéiert déi prinzipiell wéi eng primär Linn fiert, awer eventuell net op der ganzer Streck.
  • x5x: D'Ziffer 5 ass eng transversal Linn tëscht zwéin Zentrumen, déi awer net duerch d'Stad Lëtzebuerg fiert.
  • déi aner mëttelst Zifferen (3, 4, 6, 7, 8 oder 9) hu keng bestëmmt Bedeitung, et sinn allgemeng Lokallinnen.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Régime général des transports routiers – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Nouvelle numérotation des lignes RGTR à partir du 17 juillet 2022. transports.public.lu. Gekuckt de(n) 2022-07-05.
  2. Portail des marchés publics du Grand-Duché de Luxembourg. pmp.b2g.etat.lu. Gekuckt de(n) 2022-07-05.
  3. Le Quotidien, Les bus RGTR se refont une beauté et une identité. lequotidien.lu. Gekuckt de(n) 05.07.2022.
  4. D'Faarfcode vun de Linne baséieren op der Iwwersiichtskaart vum RGTR-Reseau aus dem Januar 2020 (kuckt Um Spaweck)