Quai (Eisebunn)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Eisebunnsquai. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Quai.
Quaien an der Gare zu Wittlich.
En Autosquai zu Kandersteg an der Schwäiz.

Als Quai (fréier och alt Perron) bezeechent ee bei der Eisebunn, dem Metro oder dem Tram an enger Gare eng Zort Trottoir laanscht Gleiser déi et erlaabt kamoud an d'Schinnegefier eranzeklammen oder Wueren an- oder auszelueden.

Beim Persounentransport ass et gewéinlech eng Plattform laanscht d'Gleis, déi eng genormt Héicht an Ofstand huet an doduerch en Iwwergang an d'Gefierer erméiglecht.

Och op Marchandisegare gëtt et Quaien, an hir Konfiguratioun hänkt haaptsächlech vun de Gidder of déi do verluede ginn, an och ob soll ausgelueden oder opgeluede ginn. Héich Quaien erlaben et fir lasse Gidder séier ëmzeschëdden. Et sinn och alt gedeckt Quaien ze fannen, déi bei Wuere gebraucht ginn déi net däerfen naass ginn, an déi och direkt do kënne stockéiert ginn.

Fir d'Exploitatioun vun Autoszich, also Zich wou de Reesende säin Auto mat op seng Destinatioun kann huelen, gëtt et speziell Quaie fir d'Autoen op- an ofzelueden.

Am Beetebuerger Triage besteet eng Statioun fir d'Verluede vu Semi-Remorquen op d'Schinnenautobunn Beetebuerg - Perpignan, déi vu Lorry-Rail S.A. bedriwwe gëtt. Do kënnen d'Firmen hir Remorquen op den Zuch setzen, an an de Süde féiere loossen, fir sou Zäit a Käschten ze spueren. D'Statioun huet 2 Quaie vu jeeweils 800 Meter Längt.

An der Minettsgéigend oder bei Steekaule goufe fréier héich Quaie benotzt fir d'Minett oder d'Gestengs aus de Buggien an Eisebunnswaggonen ze tippen. Hautdesdaags ginn dofir Siloen oder Fërderbänner benotzt.

Minettsquai am Fond-de-Gras
E gedeckte Quai an der Gare vu Puyoô