Rangéiergare Beetebuerg

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Transportation template.svg Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Rangéiergare Beetebuerg ass déi gréisst Rangéiergare zu Lëtzebuerg, a läit um Terrain vun der Gemeng Diddeleng.

Se gouf uganks der 1980er Joren tëscht Beetebuerg an Diddeleng gebaut an duerno nach mat engem Container-Terminal vergréissert.

Et ass en Triage mat 10 Receptiounsgleiser, engem Oflafbierg an 28 Sënnergleiser. Vun der Gréisst hir gehéiert en zu deene mëttelgroussen. Den Triage ass eng 3.7 km laang an erstreckt sech op 50 ha. D'total Längt vun de Gleiser beleeft sech op 56 km, dobäi sinn eng zirka 200 Weichen an eng 32 hydraulesch Bremsen agebaut.

2012 goufen do 177.693 Waggone gesënnert. [1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

  • gouvernement.lu Département des transports