Société en commandite des Forges d'Eich

Vu Wikipedia

D'Société en commandite des Forges d'Eich ass vun 1865 un den Numm vun der Daachgesellschaft vun der Berbuerger, der Eecher an der Dummeldenger Schmelz déi der Famill Metz gehéiert hunn.

Ënner dem Numm Société en commandite des Forges d'Eich, Le Gallais, Metz & Cie ass si eng vun den dräi Stol-Gesellschaften déi 1911 zur ARBED fusionéieren. Dësen Numm huet d'Firma zanter 1904 gedroen.

Méi bekannt war se ënner der einfacher Bezeechnung Metz & Cie.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Metz & Cie.