Tak

Vu Wikipedia
Eng Tak, mam Wope vum Här vu Bollendorf

Eng Tak ass eng quadratesch gosse Plack, déi eng Säitelängt vun ongeféier engem Meter huet, an déi un d'Mauer an enger Schminni gehaange gouf, fir datt se d'Hëtzt vum Feier sollt späicheren a reflektéieren. Meeschtens waren, a Relief, Dekoratiounen op der Tak, dacks z. B. Wopen.

Bei verschiddenen Haiser war hanner der Tak e Lach an der Mauer, dat op där anerer Säit mat enger Dier konnt op- oder zougemaach ginn. Dëst huet et erméiglecht, datt d'Hëtzt vun der Tak och an d'Nopeschzëmmer ausgestraalt konnt ginn. Dëst nennt een en Takeschaf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Van Werweke, N.: Les plaques de foyer et de fourneu de la Collection Ed. Metz à Eich

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Taken – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Taken zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien