Wopen

Vu Wikipedia
Wope vum Heinrich VI. vu Lëtzebuerg bei der Schluecht vu Worringen (1288) an de Brabantsche Yeesten (1350)
Wope vum Heinrich a vum Walram vu Lëtzebuerg beim Turnéier vu Compiègne (1278) am Wopebuch Beyeren (1405)
De Wachsmut vu Kënzeg (uganks 13. Jh.) am Codex Manesse (1305-1315)

E Wopen ass en Ofzeechen dat säin Dréier identifizéiert, an op engem Wopeschëld, op engem Ritter sengem Waffeschëld, enger Standart, engem Tabar oder heiansdo och op engem Sigel ze fannen ass.

Urspronk[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert kënnt vum dem mëttelhéidäitsche wâpen, wat ursprénglech bedeitungsgläich mat wâfen war, wat "Waff, Rëschtung" bedeit. Et war nämlech dacks um Ritter sengem Schëld gemoolt, deen als Schutzwaff gedéngt huet.

D'Wope sinn an der éischter Hallschent vum 12. Joerhonnert an der Zäit vun de Kräizzich entstanen. Do si vill Ritter zesummekomm, déi ënner den ëmmer méi schwéieren an zouene Rëschtungen net méi z'erkenne waren, sou datt ouni baussenzegt Erkennungszeeche Frënd a Feind net méi vuneneen zënnerscheede waren.

An der Lëtzebuerger Géigend koumen d'Wopen eréischt no 1200 op, virdru gouf sech just un der Kampfstandart orientéiert.

Et waren haaptsächlech d'Ritter déi als Ofzeeche vun hirer Famill oder hirer Persoun e Wopen haten. Trotzdeem huet een a Frankräich an zu Lëtzebuerg net missen adeleg si fir e Wopen ze droen, jidderee konnt een hunn.

Sou koumen och d'Wope vu Stied, Gemengen a Länner op, an hautdesdaags kann e Wopen och de Logo vun engem Veräin, asw. sinn.

Grondreegelen[änneren | Quelltext änneren]

Faarwen[änneren | Quelltext änneren]

D'heraldesch Faarwe sinn an Emailer (Rout, Schwaarz, Blo a Gréng) a Metaller (Sëlwer a Gold) ënnerdeelt, deenen hire gudde Kontrast de Wope scho vu wäitem erkenne gelooss huet. Eng vun den Haaptreegelen ass datt ni en Email op en aneren Email oder Metall op en anere Metall geluecht gëtt. Et gëtt awer och Pelzwierk (Hermelin a Feh), dat bi-chromatesch ass (Email a Metall) an dowéinst vun Natur aus net vun där Faarwereegel betraff ass.

Gebrauch a Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Et däerf een natierlech och net de Wope vun engem aneren usurpéieren.

D'Wope ginn net bildlech, mee mat enger Beschreiwung festgehalen, där sougenannter Blasonéierung. Bei sou enger Wopebeschreiwung bezéie sech "lénks" a "riets" op de Wopendréier, net op deen, deen drop kuckt.

E Wope ka verschidde Felder hunn, also horizontal gedeelt an/oder vertikal gespléckt sinn. Et kënnen och eng oder méi Ritterstroossen de Wopen deelen, oder een oder méi Péil et splécken. Oder et kann eng Bordure ronderëm d'Wope leien. Da gëtt et nach Bäizeechen (fr. brisure) wéi en Turnéierkolli oder e Schréirietsfuedem (vu riets uewen no lénks ënnen) déi eng Niewelinn (oder méi eng jonk Gebuert) oder heiansdo och e Lehnsverhältnes undeiten, oder e Baaschtertfuedem (vu lénks uewen no riets ënnen) dee wéi den Numm et seet eng Gebuert baussent engem Bestietnes an domat ouni Ierfrecht undeit.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]