Faarf (Heraldik)

Vu Wikipedia

D'Faarf ass an der Heraldik d'faarflecht Attribut vun engem Fong, Feld oder aneren Element vun engem Wopen. Well dobäi Kontrasträichtem gefuerdert ass komme fir d'heraldesch Faarwe just e puer der a Fro vun de Millioune Faarftéin déi et gëtt.

D'heraldesch Faarwe kann een an dräi Gruppen andeelen:

  • D'Emailer, déi haaptsächlech bestinn aus Blo, Rout, Schwaarz a Gréng;
  • D'Metaller, déi haaptsächlech bestinn aus Sëlwer a Gold;
  • D'Metaller, déi haaptsächlech bestinn aus Hermelin a Feh.

Obwuel d'Faarf eng wichteg Charakteristik ass, gesäit ee se net bei Wopen déi op engem Sigel oder engem Geldstéck sinn, an och d'Wopen déi a Stee gehaen oder an Holz geschnëtzt si sinn net ëmmer bemoolt. Dowéinst goufe fir déi monochrom Duerstellung vun engem Wope verschidde Systemer erfonnt, dat gebräichlechst ass dat mat konventionelle Schraffuren déi d'Faarwe representéieren.

Wann d'Wopen da gefierft ass, da sinn et gemenkerhand gesiedegt Faarftéin. Mee well d'Faarfnuancen an d'Hellegkeet jee no Interpretatioun changéiere kënnen, oder mat der Zäit ausblatzen oder ofgewäsch kënne ginn, ass et wichteg bei der Blasonéirung e rigorose Code ze gebrauchen, an net eng Kéier "Rosa" an dann nees "Scharlach" an eng aner Kéier "Bluttrout" schreiwen. Op Lëtzebuergesch gëtt dofir bestänneg "Rout" gesot, de Fransousen an den Englänner hire Code ass méi speziell a reng an der Heraldik ze fanne well si soe bestänneg "gueules" respektiv "gules" fir déi Faarf.

Haapt Emailer Haapt Metaller Haapt Pelzwierker
Blo
Rout
Schwaarz
Gréng
Gold
Sëlwer
Hermelin
Feh

Faarfreegel[änneren | Quelltext änneren]

An der Heraldik kënnt et op d'Kontrastwierkung un, fir datt een e Wopen och vu wäitem (an enger Schluecht oder bei engem Turnéier) gutt kann erkennen. D'Emailer sinn all intensiv Faarftéin, d'Metaller dogéint sinn hell Faarftéin. Intensiv op intensiv oder hell op hell kéint een net gutt liesen, dowéinst ass d'Faarfreegel:

Ni Metall op Metall, ni Email op Email.

Pelzwierk ass bi-chromatesch, d.h. et besteet souwuel aus engem Email wéi aus engem Metall, an ënnerläit dowéinst vun Natur aus net där Reegel. Pelzwierk kann iwwerall agesat ginn, op oder ënner engem Metall, op oder ënner engem Email, a souguer op oder ënner engem anere Pelzwierk.

An der zitéierter Reegel heescht et "op" an net "dernieft", et betrëfft also u sech just d'Chargen (stiliséiert oder geometresch Figuren) déi op e Feld oder eng aner Charge geluecht ginn, an net d'Partitioun a Felder vum selwechten Niveau. Verschidden Auteure wëllen d'Reegel zwar och op d'Partitiounen ausdeenen, mä richteg duerchgesat huet sech dat just fir repetitif Partitiounen (z. B. sëlwer a blo Sträife beim Lëtzebuerger Wopen, keng sëlwer a gëlle Sträifen), mä bei all deenen anere Partitiounsformen ass déi Ausdeenung vun der Reegel just eng méi oder manner staark Tendenz bliwwen.

Néideg Ausnamen:

  • E Kappstéck läit u sech op engem Feld a misst dowéinst der Faarfreegel follegen, mä an der Blasonéirung ka sech gehollef ginn andeems gesot gëtt de Kapp wier drugebitzt (cousu) an net dropgeluecht, sou datt en um selwechenten Niveau ass an déi selwecht Faarfgrupp kann hu wéi d'Feld.
  • Wann eng Charge op eng Partitioun geluecht gëtt, déi aus op d'mannst engem Email an engem Metall besteet, da ka se selwer unis sinn.

  • Och e Fuedem kann unis si wann en iwwer Felder an/oder Chargë leeft déi aus op d'mannst engem Email an engem Metall bestinn.

  • Eng Charge ass gemenkerhand vun enger eenzeger Faarf, mä wa se partitionéiert ass an op d'mannst een Email an ee Metall, da ka se op en unist Feld geluecht ginn.

  • Eng komplex Charge kann Detailer mat verschiddene Faarwen opweises hunn, z. B. e roude Léiw mat schwaarzen oder gëllene Krallen.

  • Eng komplex Charge déi net einfach eng Silhouette ka sinn, ka bannendran Detailer mat renge Linnen nozéien (z. B. Plommen, Blatoderen, eenzel Drauwen), déi normalerweis schwaarz sinn (schwaarz net am heraldesche Sënn), ausser d'Charge ass selwer schwaarz da sinn d'reng Linne meeschtens anthrazit (wat keng heraldesch Faarf ass, mä dorëms geet et bei de Linne jo net).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Heraldesch Faarwen – Biller, Videoen oder Audiodateien