Heraldik
| Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

D'Heraldik ass d'Wëssenschaft vun de Wopen, a befaasst sech och mat der Wopekonscht an dem Woperecht. D'Heraldik zielt zu den Hëllefswëssenschafte vun der Geschicht, zesumme mat der Sphragistik, der Vexillologie, der Diplomatik, …
D'Heraldik huet sech am Mëttelalter a ganz Europa als kohärente System fir d'Identifikatioun vun net nëmmen de Persoune mä vu ganze Famillen a Kollektivitéiten entwéckelt, wat aus hir en emblemateschen an eenzegaartege System gemaach huet, an enger Zäit wou d'Identifikatioun seelen iwwer d'Schrëft gaangen ass.
D'Heraldik ass am 12. Joerhonnert bei den aristokratesche Familljen opkomm, an huet sech séier an der ganzer Gesellschaft vun de westleche Länner verbreet: Fraen, Klerus, Baueren, Bierger, Communautéiten, … Se gouf och benotzt fir ë a. Stied, Regiounen, Länner a Beruffskierperschaften ze representéieren.
Historesch war d'Heraldik enk mat den Institutioune verbonnen, déi d'Verdeelung vu Wope kontrolléiert hunn an domat och verbonne Konflikter geléist hunn, besonnesch déi heraldesch Autoritéiten (de. Heroldsämter). D'Heraldik kann an dräi wichteg Beräicher opgedeelt ginn:
- Blasonéierung: eng eege spezialiséiert Sprooch fir d'fachgerecht Beschreiwung vun de Wopen;
- Wopekonscht: d'Gestaltung vun de Wopen no heraldesche Reegelen;
- Woperecht: a ville Gesellschafte waren, oder sinn nach ëmmer, rechtlech Virschrëften iwwer d'Benotze vun de Wopen ze beuechten.
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- Théodore Veyrin-Forrer, Précis d'héraldique, Larousse, Paräis, 1951. (Reeditioun 2000 vum Michel Popoff, Koll. « Comprendre et reconnaître »)
- Henri Jougla de Morenas, Grand armorial de France: catalogue général des armoiries des familles nobles de France…, Les Éditions héraldiques, Paräis, 1934-1952.
- Michel Pastoureau, Traité d'héraldique, Picard, Paräis, 1993.
- Michel Pastoureau, Figures de l'héraldique, Gallimard, Paräis, 1996.
- Ottfried Neubecker, Le grand livre de l'Héraldique, Elsevier Séquoia, Bréissel, 1977.
- D.L. Galbreath a Léon Jéquier, Manuel du Blason, Éditions Spes, Lausanne, 1977.
- Pierre Joubert, Les armes. Initiation à l'héraldique, Ouest-France, Rennes, 1977.
- Christophe Parry, Les hérauts d'armes à l'époque moderne, Guénégaud, Paräis, 2005. (ISBN 2-85023-125-8)
- Geneviève d'Haucourt a Georges Durivault, Le Blason, P. U. F. Que Sais-je ? n°336, Paräis.
- Jean-Claude Loutsch, Nicolas Lemogne, Marcel Lenertz, Armorial communal du Grand-Duché de Luxembourg (ISBN 2-87969-000-5)
- Jean Claude Loutsch, Armorial du Pays de Luxembourg, Luxembourg 1974
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Figure vun der Heraldik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Commons: Geschier an der Heraldik – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Office Généalogique et Héraldique de Belgique (fr)
- Glossaire, Dictionnaire a Biller (fr)
- Europäesch Heraldik (fr)
- wiesel.lu, eng privat Internetsäit iwwer d'Heraldik