Op den Inhalt sprangen

Fëschbech (Miersch)

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fëschbech
Fëschbech vum Bord vum Groebësch aus
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Fischbach
de: Fischbach
Land Lëtzebuerg
Kanton Miersch
Gemeng Fëschbech
Buergermeeschter Lucien Brosius
Awunner 418
  1. Januar 2023
Fläch 824,9677 ha[1]
Héicht 353 m
Koordinaten 49° 44’ 45’’ N
      06° 11’ 10’’ O

Fëschbech ass eng lëtzebuergesch Uertschaft am Kanton Miersch an Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

D'Uertschaft Fëschbech läit an engem klengen Dall, op enger Héicht vu ronn 300 Meter. D'Koppe ronderëm, déi all iwwer 350 Meter héich sinn, sinn all mat Bëscher bewuess.

Duerch d'Uertschaft leeft d'Wisebaach, eng Niewebaach vun der wäisser Iernz.

Geschichtleches

[änneren | Quelltext änneren]

D'Origine vun der Uertschaft Fëschbech, an alen Dokumenter och Visbach, Vischebach, Vixebach, Viscebag geschriwwen, ginn de Geschichtsfuerscher no, bis an d'Réimerzäit zeréck. No de Réimer hu sech am 5. Joerhonnert Frankestämm ugesidelt.

Prominent Awunner

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Doud vun der Joséphine-Charlotte 2005 an dem Grand-Duc Jean 2019, wunnen den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Ierfgroussherzogin Stéphanie mat hirem Bouf Charel zu Fëschbech am Schlass[2].

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Schlass Fëschbech.

  • Brosius, L., L. Karier & R. Miny, 2014. 100 Joer Pompjeeën an d'Gemeng Fëschbech. 294 S. Dréckerei Faber, Miersch. ISBN 978-99959-0-051-9. (Fëschbech: S. 151-190).
Commons: Fëschbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi s'an dësem Artikel stinn entspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  2. (fr)Les résidences | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-10.