Charles vu Lëtzebuerg (2020)
Ausgesinn
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Fils vum Groussherzog Guillaume. Fir de Bouf vun der Groussherzogin Charlotte, kuckt wgl. Charles vu Lëtzebuerg (1927). |
| Charles vu Lëtzebuerg | |
|---|---|
|
| |
| Titelen | |
| Biographie | |
| Gebuer |
10. Mee 2020 CHL Maternité |
| Papp | Guillaume vu Lëtzebuerg |
| Mamm | Stéphanie vu Lëtzebuerg |
| Geschwëster | François vu Lëtzebuerg |
| Gielercher | Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau |
|
| |
De Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume vu Lëtzebuerg, gebuer den 10. Mee 2020 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte an der Stad Lëtzebuerg, ass dat éischt Kand vum Groussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg an der Groussherzogin Stéphanie vu Lëtzebuerg[1].
Hien ass doduerch no sengem Papp op der éischter Plaz vun der Trounfolleg zu Lëtzebuerg.
De Prënz Charles gouf den 19. September 2020 an der Benediktinerabtei vu Klierf gedeeft. Seng Giedel ass d'Schwëster vun senger Mamm, d'Comtesse Gaëlle de Lannoy a säi Pätter ass de Brudder vun sengem Papp, de Prënz Louis vu Lëtzebuerg.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Charles vu Lëtzebuerg (2020) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Prënz Charles - Wou kënnt den Numm hier a wat bedeit d'Gebuert fir d'Successioun? rtl.lu, 10.05.2020
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Naissance du premier enfant du Couple héritier 10-05-2020 op monarchie.lu
