Trounfolleg zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Society.svg Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Wope vum Groussherzog Henri
Den Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg, den Haaptpretendant fir de Lëtzebuerger Troun

D'Trounfolleg zu Lëtzebuerg ass duerch d'Lëtzebuerger Verfassung an den Nassauer Familljepakt vu 1783 gereegelt, souwéi och duerch den Art. 71 vum Traité vu Wien (1815) an dem Art. 1 Vum Traité vu London (1867).

Regelung[änneren | Quelltext änneren]

Den Artikel 3 vun der Verfassung leet fest, datt d'Kroun am Haus Nassau viruverierft gëtt.[1] Am September 2010 huet de Groussherzog Henri d'Ierfrecht vum Haus Lëtzebuerg-Nassau am Familljepakt ännere gelooss; vun do u soll ëmmer dat éischtgebuerent Kand, egal op Jong oder Meedchen, den Troun ierwen (Prinzip vun der absoluter Primogenitur).[2] Trounpretendante vun der Linn vu sengem Papp Jean oder senger Groussmamm Charlotte do dergéint ënnerleie weiderhin dem Prinzip vun der reng männlecher Trounfolleg.

Sollt beim Doud vum Groussherzog säin Nofolger nach mannerjäreg sinn, bestëmmt de Familljepakt d'Régence.[3] Dat kann z. B. d'Witfra vum verstuerwene Groussherzog sinn, wéi dat bei der Maria Ana, der Witfra vum Wëllem IV., de Fall war. Eng Regence ass och virgesinn wann de Groussherzog net am Stand ass, säin Amt auszeüben (Art. 7).[4] De Regent muss dann en Eed op de Groussherzog leeschten. (Art. 8).[5]

Ranglëscht vun de Pretendanten[änneren | Quelltext änneren]

D'aktuell Lëscht vun de Pretendante fir de Lëtzebuerger Troun (Stand: 2016–17):

Notten[änneren | Quelltext änneren]

  • Zanter dem 26. September 1986, hunn de Prënz Jean vu Lëtzebuerg, dee jéngste Brudder vum Groussherzog Henri, a säin Nowuess kee Recht fir d'Trounfolleg.
  • No sengem Bestietnes am Joer 2006, hunn de Prënz Louis vu Lëtzebuerg, den 3. Jong vum aktuelle Groussherzog Henri, a säin Nowuess kee Recht fir d'Trounfolleg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Article 3 : La Couronne du Grand-Duché est héréditaire dans la famille de Nassau, conformément au pacte du30 juin 1783, à l'art. 71 du traité de Vienne du 9 juin 1815 et à l'art. 1er du traité de Londres du 11 mai 1867.
  2. http://www.wort.lu/wort/web/letzebuerg/artikel/2011/06/153544/thronfolge-neu-geregelt.php
  3. Article 6 : Si à la mort du Grand-Duc, son successeur est mineur, la régence est exercée conformément au pacte de famille.
  4. Article 7 : Si le Grand-Duc se trouve dans l'impossibilité de régner, il est pourvu à la régence comme dans le cas de minorité. En cas de vacance du Trône, la Chambre pourvoit provisoirement à la régence. - Une nouvelle Chambre, convoquée en nombre double dans le délai de trente jours, pourvoit définitivement à la vacance.
  5. "Lors de son entrée en fonction, le Régent prête le serment suivant : «Je jure fidélité au Grand-Duc. Je jure d'observer la Constitution et les lois du pays.»"