Robert vu Lëtzebuerg
Robert vu Lëtzebuerg | |
---|---|
Titelen | |
Biographie | |
Gebuer |
14. August 1968 Schlass Fëschbech |
Papp | Charles vu Lëtzebuerg |
Mamm | Joan Douglas-Dillon |
Geschwëster | Prinzessin Charlotte vu Lëtzebuerg |
Gielercher | |
![]() |
De Prënz Robert Louis François Marie vu Lëtzebuerg gebuer de 14. August 1968 zu Fëschbech, ass de Fils vum Prënz Charel, an der Joan Douglas-Dillon, haut: Duchesse Joan de Mouchy, Duechter vum Douglas Dillon, fréieren USA-Staatssekretär vum Tresor.
De Robert vu Lëtzebuerg ass mat der Amerikanerin Julie Ongaro bestuet. Si hunn dräi Kanner, Charlotte, Alexander a Frederik.
De Prënz Robert als Oenolog
[änneren | Quelltext änneren]1934-1935, duerch en Zoufall, war de Clarence Dillon, Urgrousspapp vum Prënz Robert a Papp vum C. Douglas Dillon, Staatsekretaär fir Finanzen, op d'Wäigutt Haut-Brion gestouss, dat ze verkafe war. Hien huet zougegraff an de Château kaaft.
De Prënz Robert hat sech 1994 mat der Amerikanerin Julie Ongaro bestuet, enger begeeschterter Filmunhängerin, mat där hien zu London gewunnt huet, an zesumme mat hir och e puer Dréibicher fir Filmer geschriwwen huet. Well seng Mamm Joan matbedeelegt war, ass hien dunn tëscht London an der Gironde gependelt.
1997 gouf hie Generaldirekter vum Domaine: Clarence Douglas Dillon, zu deem och de Château Haut-Brion gehéiert. Hien huet et fäerdeg bruecht, déi aussergewéinlech Qualitéit vum Wäi vun do nach ze verbesseren. De Prënz Robert, haut Vizepresident vum Domaine Clarence Douglas Dillon, ass och als Frënd vum Naturschutz bekannt. Hien trëtt a fir eng Limitatioun vun der Produktioun, fir sou d'Qualitéit vum Buedem net a Fro ze stellen.
PolG
[änneren | Quelltext änneren]De Prënz Robert huet 2022, zesumme mat senger Fra Julie d'Stëftung PolG[1] an d'Liewe geruff, nodeems bei hirem Jong Frederik 2016 déi seele Mitochondrie-Krankheet DNA polymérase gamma (PolG) diagnostizéiert gouf. Hien ass och hire President. De Prënz Frederik ass den 1. Mäerz 2025 am Alter vun 22 Joer zu Paräis un dëser Krankheet gestuerwen.[2][3]
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Raymond Reuter: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, S. 162: Prënz Robert vu Lëtzebuerg, 2003, Éditions Luxnews, ISBN 2-9599932-2-5
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Säit vum Domaine Clarence Dillon a säi Vizepresident Robert vu Lëtzebuerg
- Säit vum Wäigutt Haut-Brion
- Den Telecran op Besuch beim Prënz Robert vu Lëtzebuerg
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ The PLOG Foundation
- ↑ Nathalie Roden, Prinz Frederik von Luxemburg verliert Kampf gegen seltene Krankheit. wort.lu (07.03.2025); Luxemburger Wort (10.03.2025) S. 46. Gekuckt de(n) 10.03.2025.
- ↑ Jéngste Fils vum Cousin vum Grand-Duc, Prënz Frederik vu Lëtzebuerg u seelener Krankheet gestuerwen. rt.l (08.03.2025). Gekuckt de(n) 10.03.2025.