Château Haut-Brion

Vu Wikipedia
D'Schlass Haut-Brion

De Château Haut-Brion ass e Graves-Wäin, an zwar deen eenzegen dee bei der Klassifikatioun vun 1855 als Premier grand cru klasséiert gouf, wat e gläichstellt mat de beschte Wäiner aus dem Médoc. Et ass ee Wäin deen dozou och nach ganz reegelméisseg an der Qualitéit ass. Souguer an de schlechte Wäijoren 1987 an 1991 huet den Haut-Brion elegant an aromesch Wäiner produzéiert. Et ass ee Wäin deen e puer Joer am Keller muss leien, fir op den Héichpunkt vum Goût ze kommen.

De Wéngert läit um Territoire vun der Gemeng Pessac a gehéiert dem Herzog an der Herzogin vu Mouchy, déi et als Ierwin vun der Famill Dillon krut.

Op Haut-Brion ass ëmmer un der Verbesserung vun der Wäiqualitéit geschafft ginn, haaptsächlech ënner der Direktion vum Jean-Bernard Delmas.

D'Wäiner ginn zanter kuerzem an neien Eechefässer gäre gelooss, an a méi schappege Jore gëtt kee wäisse Wäin op de Maart bruecht.

Den zweete Roude mat der Etikett Bahans-Haut-Brion ass ee vun de beschten zweete Wäiner aus dem Bordeaux.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Château Haut-Brion – Biller, Videoen oder Audiodateien