C. Douglas Dillon
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
C. Douglas Dillon | |
---|---|
Portrait vum C.D. Dillon am US-Finanzministère | |
Gebuer |
21. August 1909 Genf |
Gestuerwen |
10. Januar 2003 New York |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Offizéier, Diplomat, Ekonomist, Politiker, Konschtsammler |
Partei | Republican Party |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences |
Famill | |
Bestuet mat | Phyllis C. Ellsworth |
Papp | Clarence Dillon |
Kanner | Joan Douglas-Dillon |
De Clarence Douglas Dillon gebuer den 21. August 1909 zu Genf an der Schwäiz, a gestuerwen den 10. Januar 2003 zu New York, war en US-amerikanesche Politiker (Republikanesch Partei), Ambassadeur a Finanzminister.
Formatioun a Liewen
[änneren | Quelltext änneren]Als Jong vun engem Investmentbanker gebuer, huet hien un der Harvard Universitéit studéiert an huet säi Studium 1931 mat engem Bachelor of Arts-Diplom ofgeschloss. Du huet hie bis 1936 Courtier op der Bourse (New York Stock Exchange) geschafft. Uschléissend ass hien an d'Investmentbank Dillon, Read & Company, déi säi Papp matgegrënnt hat, agetratt. Do huet hie sech bis op Presidenteplaz eropgeschafft.
Am Zweete Weltkrich huet hie fir d'lescht als Lieutenant Commander an der Marinn Déngscht gemaach, a gouf och fir seng militäresch Leeschtungen dekoréiert.
- 1953: Ernennung duerch den neigewielten USA-President, Dwight D. Eisenhower als Ambassadeur a Frankräich.
- 1957-1958: Stellv.-Ënnerstaatssekretär (Deputy Undersecretary)an dunn Ënnerstaatssekretär am Ausseministère.
- 1959: Stellv. Ausseminister
- 1961-1965: Vum neigewielte President Kennedy gouf hien, obschonn hie Republikaner war, als Finanzminister a säi Kabinett opgeholl. Déi Funktioun konnt hien och ënner dem President Lindsey B. Johnson bäibehalen.
Hie war eng vun de Perséinlechkeeten, déi de gréissten Afloss haten a war ënneranerem mam Problem vum amerikanesche Budgetsdefizit konfrontéiert.
Seng Duechter Joan hat sech 1967 mam Prënz Charel vu Lëtzebuerg bestuet.