Charlotte Cunningham
| Charlotte Cunningham | |
|---|---|
| Titelen | |
| Biographie | |
| Gebuer |
15. September 1967 New York |
| Papp | Charles vu Lëtzebuerg |
| Mamm | Joan Douglas-Dillon |
| Geschwëster | Prinz Robert vu Lëtzebuerg |
| Kanner | Louis Cunningham |
|
| |
Charlotte Cunningham, gebuer de 15. September 1967 als Prinzessin Charlotte vu Lëtzebuerg, ass d'Duechter vum Prënz Charel vu Lëtzebuerg an der Joan Douglas-Dillon, haut Duchesse Joan de Mouchy.
D'Prinzessin Charlotte vu Lëtzebuerg, déi mam Marc-Victor Cunningham, engem Nokomme vum Wëllem den Eruewerer, bestuet gouf (1993), wunnt zu London, wou se Directrice vun engem Theater a Konschtzenter (Turtle Key Arts) ass, dee si 1989 matgegrënnt huet. Dëse Konschtzenter gëtt och Coursë fir handicapéiert Kanner, mat der Intentioun, déi spezifesch Talenter vun dëse Kanner z'entwéckelen.
D'Charlotte Cunningham ass mat hirem Brudder Robert Member vum Verwaltungsrot vum Domaine Clarence Dillon, wou se sech dacks ophält.
D'Charlotte Cunningham huet dräi Kanner: Charles (* 1996), Louis (* 1998) an Donnall (* 2002).
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Säit vu Turtle Key Arts, wou d'Charlotte Cunningham Direkter ass (en)
