Departement Gironde

Vu Wikipedia
Gironde (33)
Regioun Nei-Aquitaine
Prefecture Bordeaux
Ënnerprefecture Arcachon
Blaye
Langon
Lesparre-Médoc
Libourne
Bevëlkerung 1.623.749 Aw.(2019)
Fläch 9.975,6 km²
Arrondissementer 6
Kantonen 68
Gemengen 535

D'Gironde ass e franséischt Departement an der Regioun Nei-Aquitaine. Et läit am Südweste vum Land op der Atlantikküst a grenzt am Süden un den Departement Landes, am Südosten un den Departement Lot-et-Garonne, am Osten un den Departement Dordogne an am Norden un den Departement Charente-Maritime. Mat enger Fläch vu bal 10.000 km² ass d'Gironde véiermol sou grouss wéi Lëtzebuerg an dat gréisst Departement a Kontinentalfrankräich. Nëmmen d'Guyane, e franséischen Territoire a Südamerika, ass méi grouss.

Den Numm vum Departement kënnt vun der Gironde, dem Estuaire dee vun de Flëss Garonne an der Dordogne no hirem Zesummefloss gebilt gëtt.

D'Prefektur vum Departement ass Bordeaux. Déi renomméiert Wäigéigend ëm Bordeaux läit also an der Gironde. D'Gironde ass och bekannt fir d'Plagë vun der Côte d'argent, déi all Joer vill Visiteuren a besonnesch Surfer unzéien. D'Dune du Pilat am Bassin d'Arcachon ass déi gréisst Sanddün an Europa.

D'Gironde ass ee vun den originalen 83 Departementer, déi 1790 wärend der franséischer Revolutioun gegrënnt goufen. Et ass aus de fréiere Provënze Guyenne a Gascogne ervirgaangen. Tëscht 1793 a 1795 hat d'Departement den Numm "département du Bec-d'Ambès", fir d'Verwiesslung mat der Beweegung vun de Girondins ze vermeiden.

Biller vun der Gironde[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gironde – Biller, Videoen oder Audiodateien