Departement Morbihan

Vu Wikipedia
Morbihan (56)
Regioun Bretagne
Prefecture Vannes
Ënnerprefecture Lorient
Pontivy
Bevëlkerung 643 873 Aw.(1999)
Fläch 6 873 km²
Arrondissementer 3
Kantonen 42
Gemengen 261

De Morbihan (56) ass e franséischt Departement, dat säin Numm vum Golfe du Morbihan huet. Den Numm huet bretonesch Wuerzelen Mor heescht Mier a bihan heescht kleng.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Departement Morbihan ass ee vun den 83 Departementer déi wärend der Franséischer Revolutioun de 4. Mäerz 1790 unhand vun engem Gesetz vum 22. Dezember 1789 gegrënnt goufen. E gouf zesummegesat aus engem Deel vun der aler Provënz Bretagne mat dem gréissten Deel vum Bistum Vannes, dem Bistum Saint-Brieuc, dem Bistum Saint-Malo an dem Bistum Nantes.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

De Morbihan gehéiert zur Bretagne, a stéisst un d'Departementer Finistère am Westen, Côtes-d'Armor am Norden, Ille-et-Vilaine am Osten a Loire-Atlantique am Südosten. Am Süde gëtt seng Grenz vum Atlantik gemaach.

Am Golf deen dem Departement säin Numm ginn huet leien 42 Inselen.

Baussent dem Golf am Mor Bras dem Grousse Mier leie 5 gréisser Inselen, vun deenen der véier bewunnt sinn:

De Klima ass Summer wéi Wanter mëll, an et gëtt e puer Mikroklimae wéi déi vu Quiberon a Belle-Île-en-Mer.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Morbihan – Biller, Videoen oder Audiodateien