Bretagne

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Frankräich ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bretagne
Land Frankräich
Departementer Côtes-d'Armor (22)
Finistère (29)
Ille-et-Vilaine (35)
Morbihan (56)
Prefecture Rennes
Awunner 3 273 343 (2014)
Bevëlkerungsdicht 120 Aw./km²
Fläch 27 208 km²
Arrondissementer 15
Kantonen 102
Gemengen 1 270

D'Bretagne (Breizh op bretonesch) ass eng administrativ Regioun am Weste vu Frankräich.

Se besteet aus den Departementer Côtes-d'Armor, Finistère, Ille-et-Vilaine a Morbihan. D'Prefektur ass Rennes

Se gouf mat engem ministeriellen Dekreet am Kader vun de sougenannte Programmes d'action régionale gegrënnt, an ass d'Nofollgerin vun der fréierer administrativer Regioun Rennes. Hir Kompetenze goufe mat de Lois Defferre 1982 erweidert.

Op der Landsäit stéisst s'un d'Regiounen Normandie a Pays de la Loire. Am Norde läit den Äermelkanal an am Südwesten d'Biskaya.

Se gëtt heiansdo Bretagne administrative genannt fir se vun der historescher a kultureller Bretagne z'ënnerscheeden.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Bretagne – Biller, Videoen oder Audiodateien