Äermelkanal

Vu Wikipedia
Satellittebild vum Äermelkanal

Den Äermelkanal, (fr. La Manche, engl. The English Channel) ass eigentlech kee Kanal, mä eng schmuel Mieresstrooss, déi den Atlantik mam Nordmier verbënnt an haut Groussbritannien vum Europäesche Kontinent trennt. Le Havre, Calais a Boulogne (Frankräich), Southampton a Plymouth (England) sinn e puer Stied op den zwou Säite vun dëser Mieresstrooss.

Am Äermelkanal leien d'Inselen Jersey a Guernsey (westlech vun der Bretagne) a Wight (direkt südlech vun der englescher Küst).

Den Äermelkanal huet et net ëmmer ginn. Bis ongeféier 6000 viru Christus war Groussbritannien un de Kontinent ugebonn.

De Verkéier duerch den Äermelkanal[änneren | Quelltext änneren]

De Schëffsverkéier[änneren | Quelltext änneren]

Den Äermelkanal ass gekennzeechent duerch säin dichte Schëffsverkéier, deen am Schnëtt op 400-500 Schëffer pro Dag geschat gëtt. Doduerch besteet am Niwwel a bei héijem Séigang d'Gefor vu Kollisiounen an Accidenter.

De Färbetrib[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht Frankräich, der Belsch, Holland an Däitschland am Süden an England am Norde besteet een intensive Färbetrib. Bekannt Färlinne sinn follgend Routen:

Den Zuchverkéier (Eurotunnel)[änneren | Quelltext änneren]

Den Dram vun engem Tunnel ënner der Manche ass net am 20. Joerhonnert gebuer ginn. Schonn 1875 gouf et eng Kanalgesellschaft, déi deemools zu den zwou Säite vum Kanal un engem Tunnel gebuert huet. Hir Aarbecht ass 1882, nodeem schonn op den zwou Säiten e Stolle vun 1800 m gebaut war, aus politeschen a militäresche Grënn agestallt ginn.

D'Iddi vum Tunnel ass dunn nom Zweete Weltkrich erëm opgegraff ginn an och mat Iwwerzeegung an Nodrock virugedriwwe ginn. Zanter 1994 ass den Tunnel ënner der Manche eng Realitéit. E gëtt vun der Gesellschaft Getlink bedriwwen. Mat enger Eisebunnsnavette fir Autoen a Camionen, a mam Eurostar, ass haut dat englescht Eisebunnsnetz un dat europäescht um Kontinent ugebonnen.

"Testfeld" fir aussergewéinlech Leeschtungen[änneren | Quelltext änneren]

Den Äermelkanal war ëmmer fir vill Mënschen eng Erausfuerderung fir aussergewéinlech Leeschtungen.

An der Luucht[änneren | Quelltext änneren]

  • 1785: De Fransous Jean-Pierre Blanchard an den Amerikaner John Jeffries fléie vun Dover op Calais an engem Waarmloftballon a sinn déi éischt, déi den Äermelkanal um Loftwee iwwerqueeren;
  • 1909: De Fransous Louis Blériot ass den éischte Pilot, deen am Fliger den Äermelkanal iwwerflitt;
  • 1979: Een 32 kg schwéiere Fliger, de Gossamer Albatross, mam Bryan Allen als Pilot, iwwerflitt fir d'éischt de Kanal mat mënschlecher Kraaft; 3 Stonnen huet hien an der Luucht pedalléiert, fir vun enger Säit op déi aner ze kommen;
  • 31. Juli 2003: Den éisträichesche Fallschiermsprénger Felix Baumgartner spréngt aus 9.100 m Héicht iwwer Dover mat Karbonflillecken aus engem Fliger, fir duerno zu Calais mam Fallschierm ze landen.

Am Waasser an um Waasser[änneren | Quelltext änneren]

  • 1875: De 24. a 25. August gëtt den Äermelkanal eng éischt Kéier vum Englänner Matthew Webb duerchschwomm, an zwar vun Dover op Calais. Fir déi 73 km laang Streck huet hien 21:45 Stonne gebraucht;
  • 1926: D'Amerikanerin Gertrude Ederle schwëmmt als éischt Fra duerch de Kanal;
  • 1927: Et ass d'Sekretärin Mercedes Gleitze, déi als éischt Englännerin derduerch schwëmmt. Eng Kuriositéit war et, datt si déi éischt waasserdicht Aarmbandauer vu Rolex gedroen huet, wat hirem Fabrikant eng grouss Publicitéit abruecht huet;
  • 1994: Den Zäitrekord gouf laang vum Chad Hundeby gehalen, deen 1994 a 7:17 Stonnen duerch de Kanal geschwommen ass;
  • 2004: De Sir Richard Branson ënnerbitt den Zäitrekord ëm 6 Stonnen, andeems en den Äermelkanal an engem zweesëtzegen Amphibiegefier, dem Gibbs Aquada, passéiert;
  • Et besteet eng Associatioun vun de Kanalschwëmmer. Kuckt op hirer Websäit déi aner Rekorder no: url.

Ënner dem Waasser[änneren | Quelltext änneren]

  • Zanter den Eurotunnell besteet an den Eurostar zirkuléiert, brauch ee manner wéi 15 Minutten fir vun England aus Frankräich z'erreechen.

Den Äermelkanal am Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

No der däitscher Invasioun a Frankräich am Mee 1940, ass et den Englänner an de Fransousen am Mee-Juni 1940 gelongen, d'Avance bei Dunkerque ze stoppen an Zäit ze gewannen, fir 350.000 englesch a franséisch Zaldoten iwwer d'Mier no Dover z'evaquéieren. Dat ass mat engem gewaltegen Opwand an der Mobilisatioun vu groussen a klenge Schëffer geschitt. D'Operatioun Dunkerque, wéi se genannt gouf, gëtt als eent vun de Wonner vum Zweete Weltkrich betruecht.

Déi däitsch Arméi huet dunn déi franséisch a belsch Säit vum Äermelkanal staark befestegt, fir eng Invasioun vun den Alliéierten ze verhënneren. Och d'Insele Guernsey an Jersey waren de ganze Krich duerch bis zur Landung am Joer 1944 vun den Alliéierten an däitscher Hand.

Eng vun de grousse Séischluechten am Äermelkanal war am Februar 1942, wéi déi gréisst däitsch Krichsschëffer, d'Panzerkreuzer Scharnhorst a Gneisenau an de schwéiere Kreuzer Prinz Eugen vum Hitler den Uerder kritt hunn, sech aus dem Atlantik zeréckzezéien, den Duerchbroch duerch den Äermelkanal ze forcéieren an dann en däitschen Hafen unzelafen (Operatioun Cerberus). Trotz engem giganteschen Asaz vun englesche Streitkräfte koumen si zwar a schwéierer Séi duerch, mä d'Gefor, déi vun hinne fir d'Geleitszich am Atlantik ausgaange war, war domat aus der Welt geschaf.

Zwou Woche méi spéit ass de Gneisenau vu Bomme getraff ginn, a koum dunn net méi an den Asaz. De Prinz Eugen ass duerch en englescht U-Bot getraff ginn an ënnergaangen. De Scharnhorst ass op eng Minn gelaf, war 8 Méint laang a Reparatur an ass dunn am Dezember 1943 versenkt ginn.

Schliisslech huet sech de 6. Juni 1944 am Äermelkanal, um D-Day, déi gréisst militäresch Landungsoperatioun aus der Weltgeschicht ofgespillt. Dat war d'Operatioun Overlord an der Normandie, duerch déi d'Alliéiert d'Enn vum Zweete Weltkrich erméiglecht hunn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Walter Lord: Le miracle de Dunkerque, 4 juin 1940, Robert Laffont, 1999

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Äermelkanal – Biller, Videoen oder Audiodateien