Op den Inhalt sprangen

Waarmloftballon

Vu Wikipedia
E Waarmloftballon an der Luucht.

E Waarmloftballon ass e Gefier fir an der Loft ze zirkuléieren.

Opbau a Fonctionnement

[änneren | Quelltext änneren]

E besteet aus enger Enveloppe, déi haut meeschtens aus Nylon ass an déi mat gewiermter Loft gefëllt ass. Drënner hänkt e Kuerf (oder "Gondel"), fir Leit, Material a Ballast ze transportéieren, an och eng Quell fir Brennes, fir d'Loft z'erhëtzen. De Prinzip baséiert drop, datt waarm Loft am Ballon par Rapport zu der kaler ronderëm eng manner grouss Densitéit huet, an de Ballon deemno en Opdriff kritt.

De Waarmloftballone vum Pilâtre de Rozier am Joer 1783.

De Waarmloftballon ass dat eelst Loftgefier, mat deem de Mënsch an d'Luucht goe konnt. Den 21. November 1783 ass eng éischt Kéier e Ballon, deen net un enger Léngt houng, mat zwee Leit dran, dem Jean-François Pilâtre de Rozier an dem François Laurent d'Arlandes fléie gelooss ginn. Erfonnt a gebaut haten en d'Bridder Joseph-Michel a Jacques-Etienne Montgolfier. E Waarmloftballon heescht nach haut op Franséisch Montgolfière.

Scho Joerhonnerte virdrun haten d'Chineese kleng Lampione mat waarmer Loft fléie gedoen, an an Europa hat schonn de Bartolomeu de Gusmão den 8. August 1709 en onbemannte Ballon mat waarmer Loft fléie gedoen.

Ier se Leit fräi fléie gelooss hunn, haten d'Bridder Mongolfier fir d'éischt mat Déieren, an da mat engem Ballon mat enger Fesselléngt, experimentéiert.

1794 bei der Schluecht vu Fleurus, gouf e Waarmloftballon eng éischt Kéier militäresch agesat, fir vun do aus e besseren Iwwerbléck iwwer d'Schluechtfeld ze hunn.

Zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ass d'Commune Aérostatique du Grand-Duché de Luxembourg de Veräin, dee sech mam Waarmloftballon-Fléien ofgëtt.

 Commons: Waarmloftballonen – Biller, Videoen oder Audiodateien