Richard Branson

Vu Wikipedia
Richard Branson
Gebuertsnumm Richard Charles Nicholas Branson
Gebuer 18. Juli 1950
Blackheath
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Stowe School,
Scaitcliffe
Aktivitéit Entreprener, Geschäftspersoun
Famill
Bestuet mat Joan Templeman
Mamm Eve Branson
Geschwëster Vanessa Branson
Ënnerschrëft vum Richard Branson

De Sir Richard Charles Nicholas Branson OBE, gebuer den 18. Juli 1950 zu Blackheath,[1] London, ass en engleschen Entreprener a Philanthrop. Hie lieft zu London, op sengem Landsëtz am Oxfordshire an op senger 30 Hektar grousser Privatinsel Necker Island, déi zu de Brittesche Joffereninsele gehéiert. De Branson, dee mat engem Verméige vu 5 Milliarden US-Dollar (Stand: Juli 2016) vum Forbes Magazine als Milliardär gelëscht gëtt, ass bestuet an huet zwee Kanner.

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

De Branson koum zu Blackheath, London, als eelst vun dräi Kanner vun der Eve Branson, enger fréierer Balletdänzerin, a vum Edward James Branson, engem Nottär, op Welt. De Branson huet zwou méi jonk Schwësteren.[2] Säi Grousspapp, de Sir George Arthur Branson, war Riichter op der High Court of Justice.[3] De Branson ass Legastheniker an hat wärend senger Schoulzäit ganz schlecht Notten. No eegener Ausso hat säi Schouldirekter him um leschte Schouldag gesot, hie géif entweeder am Kittche landen oder Millionär ginn[4]. Hien huet d'Schoul ouni Ofschloss verlooss.

Aktivitéit[änneren | Quelltext änneren]

No der Mëttelschoul huet de Branson mat e puer Frënn vun 1967 un eng Studentenzeitung mam Numm Student erausginn, déi awer trotz der Ënnerstëtzung vu renomméieten Auteure wéi dem John le Carré oder dem Jean-Paul Sartre eng wirtschaftlech Feelinvestitioun war. 1970 huet hie seng éischt Entreprise, mam Numm Virgin gegrënnt, déi Schallplacke verschéckt huet a spéider och Plackegeschäfter bedriwwen huet (Virgin Records).

1971 koum hie mam Gesetz a Konflikt, wéi hien duerch Zoufall erausfonnt hat, datt een d'Steiere ëmgoe konnt, wann ee Schallplacken an d'Belsch exportéiert, s'awer direkt nees aféiert. Dat hat him eng Nuecht am Kittchen an eng héich Geldstrof abruecht.

1972 huet hien de Manor Studio zu Oxfordshire gegrënnt a gläich drop dee bis dohi relativ onbekannte Bassist vun der Kevin Ayers Group, Mike Oldfield, ënner Vertrag geholl. Deem seng éischt Schallplack Tubular Bells koum 1973 eraus a gouf iwwer 5 milliounemol verkaf. Dee finanziellen Erfolleg war de Grondstee fir all weider onkonventionell Aktioune vum Branson. Hien huet weider Entreprisë gegrënnt, déi all ënner der Mark Virgin gelaf sinn, sou zum Beispill d'Virgin Sun Airlines. De kompletten Ëmsaz vun der Virgin Group louch 2002 bei 4 Milliarde Pond Sterling.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Virgin Group.

Nieft de kommerziellen huet de Richard Branson och karitativ Entreprisë gegrënnt, wéi d'Virgin Healthcare Foundation, déi sech besonnesch fir AIDS-Prophylax a fir d'Begrenzung vu Reklammen a Sponsoring vun Tubaksfirmen am Sport engagéiert. Hie setzt sech och fir e konsequente Klimaschutz an.[5]

Fir seng Leeschtungen als Entreprener ("services to entrepreneurship") gouf de Branson am Dezember 1999 zum Knight Bachelor geschloen.

Den 21. September 200] huet de Branson ugekënnegt, datt hien an Zukunft ronn dräi Milliarden US-Dollar an erneierbar Energien investéiere wéilt.[6] 2010 huet hie seng Non-Profit-Organisation Carbon War Room d'Datebank Shippingefficiency virgestallt, déi Zäregasen eliminéiere soll. Bis September 2014 hat de Branson mat Investitioune vun däitlech ënner 300 Milliounen US-Dollar manner wéi en Zéngtel vu sengem Versprieche vun 2006 ëmgesat.[7]

Am Fréijoer 2011 huet hien d'Dauchboot Virgin Oceanic virgestallt, mat deem ee bis op déi déifst Plaze vun den Ozeanen - wéi z. B. dem Marianegruef - dauche kann. Hie selwer wëll de Puerto-Rico-Gruef besichen, déi déifst Plaz am Atlantik.[8],[9]

Fir seng Ënnerstëtzung vun der Presidentin vu Costa Rica, Laura Chinchilla, bei der Verbesserung vum Schutz vun den Haien a Mëttelamerika krut hien 2013 vun der Organisatioun Sharkproject d'Auszeechnung Shark GUARDIAN of the Year.

A Bezuch op d'Diskussiounen ëm den Austrëtt vum Vereente Kinnekräich aus der Europäescher Unioun ("Brexit") huet sech de Branson ëmmer nees nodrécklech fir e Verbleif an der EU ausgedréckt.

2016 huet de Branson zu der Drogeproblematik Stellung geholl a gemengt, de "Krich géint d'Drogen" wier "grandios verluer gaangen" an "eng Verschleiderung vu Geld, Ressourcen a Liewen". Hien huet dofir pledéiert, d'Regierunge sollten d'Drogemäert "kontrolléieren", wat - nom Beispill vu Portugal - e staarke Réckgank vun den Drogendoudegen an HIV-Neiinfektioune bewierke géif. Et géif och kee Beweis dofir, datt d'Legaliséierung a Reguléierung zu méi Drogekonsum géif féieren.[10]

Doriwwer eraus hat de Branson op der Sich nom "ultimativen Abenteuer" en ettlech Weltrekordversich a verschiddenen Disziplinnen gemaach:

  • 1986: Séierst Atlantikiwwerfaart mam Schëff "Virgin Atlantic Challenger II"
  • 1987: Éischt Waarmloftballoniwwerfaart vum Atlantik mam "Virgin Atlantic Flyer"
  • 1991: Éischt Waarmloftballoniwwerfaart vum Pazifik mam "Virgin Pacific Flyer"
  • 1995-1998:En Ettlech Versich, ronderëm d'Äerd mat engem Waarmloftballon ze fléien. 1998 war him schliisslech e Rekordfluch vu Marokko no Oste bis op Hawaii gelongen. Hien hat awer do de Fluch wéinst schlechtem Wieder missen ofbriechen. Bei enger Course ronderëm d'Welt war hien 1999 dem Bertrand Piccard an dem Brian Jones ënnerleeën, hat hinnen awer a ganz sportlecher Manéier gehollef, wéi si Problemer mat Flucherlaabnesse fir iwwer den Iran, Irak a China haten, hie selwer hat säi Versuch scho beim Start an der marokkanescher Wüst missen ofbriechen.
  • 2004: Séierst Äermelkanaliwwerfaart mat engem Amphibiegefier.
  • 2012: Eelste Kitesurfer deen iwwer den Äermelkanal gefuer ass (säi Jong war de séiersten).

2004 huet de Branson d'Televisioun-Reality-Show The Rebel Billionaire gestart, déi en identescht Konzept wéi The Apprentice vum Donald Trump hat. D'Kandidaten a senger Show hunn ëm en Job am "Virgin Empire" konkurréiert.

An der Serie Friends huet hien e Souvenirsgeschäftsmann zu London (4. Saison, 23. Episod) gespillt. An enger Episod vu Baywatch huet hie sech selwer gespillt. 2004 hat hien e Cameo-Optrëtt am Film Around the World in 80 Days (zu Paräis krut hien e Kontroll um Fluchhafen. 2010 huet hie sech selwer an der Televisiounsserie Entourage gespillt.

Am Juli 2011 goung de Richard Branson beim London Triathlon, dee vu Virgin Active gesponsert gouf, als Staffelgaascht am Schwammen un de Start.[11]

Den 22. August 2011, beim Hurrikan Irene, gouf dem Branson säi "Great House" op Necker Island vum Blëtz getraff an ass bis op d'Grondmaueren ofgebrannt. Et koume keng Leit zu Schued, dem Branson seng Mamm gouf vun der Actrice Kate Winslet um Réck erausgedroen. D'Hochzäit vu senger Duechter am Dezember mam Freddie Andrewes gouf wéi geplangt op Necker Island gemaach.[12]

Wéinst enger verluerener Wett huet de Branson bei engem AirAsia-Fluch vu Perth op Kuala Lumpur d'Gedrénks servéiert. Dofir hat hie sech d'Bee raséiere gelooss, hat sech eng rout Stewardessenuniform ugedoen a krut en opfällege Make-up. Den Erléis vun deem Fluch krut d'australesch Starlight Foundation, déi krank Kanner ënnerstëtzt, gespent.[13]

De Branson gouf fir den New York City ePrix 2017 vum DS Virgin Racing Formula E Team, dat zu der Virgin Group gehéiert, als Ersatzpilot nominéiert. Dat gouf awer an de Medien als PR-Gag vermierkt, well de Branson keng Rennlizenz huet.

Trivia[änneren | Quelltext änneren]

Um Album Amarok vum Museker Mike Oldfield vun 1990 ass e gemorsten "Äddigrouss" un de Besëtzer vu senger Plackefirma: "Fuck off rb". Mat RB ass de Richard Branson, de Besëtzer vun Virgin Records, gemengt.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Branson huet och e puer Bicher publizéiert:

Auszeechnungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Richard Branson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Blackheath Nursing Home: Services: Contact Gearchiveerd op 2009-01-07. Gekuckt de(n) 2019-01-02.
  2. Nina Myskow (13. Mäerz 2013). "Like mother, like son". Saga magazine.
  3. "Forthcoming Marriages", The Times, 22. Juni 1949, Säit 7.
  4. Richard Branson. "At school I was dyslexic and a dunce.", The Times, London, 11. September 1998, Säit 19
  5. Richard Branson leads call to free global economy from carbon emissions. The Guardian, vum 5. Februar 2015
  6. (en) Branson makes $3bn climate pledge - Artikel bei BBC News, vum 21. September 2006
  7. Naomi Klein: Climate crimes: Naomi Klein on greenwashing big business, in: The Guardian, 13. September 2014.
  8. (en) Virgin Oceanic - offiziell Websäit; Stand: 12. Abrëll 2011
  9. Virgin Oceanic: Richard Branson taucht ab - Artikel bei Golem.de, vum 6. Abrëll 2011
  10. Wir müssen den Krieg gegen Drogen beenden bei Zeit Online, gekuckt den 10. Juli 2016
  11. Richard Branson Leads The Way As Celebs Tackle London Triathlon Gearchiveerd op 2015-11-21. Gekuckt de(n) 2019-01-02.
  12. Fire on Necker Island. Im: Island Life: the Necker Island blog vom 23. August 2011, englisch mit Abb., gekuckt den 3. September 2011.
  13. Stewardess für einen Tag, gekuckt den 13. Mee 2013