Virgin Group
Virgin Group | |
---|---|
Kategorie | Ltd. |
Grënnung | 1970 |
Sëtz | London |
Leedung | Richard Branson, Direkter Stephen Murphy, CEO |
Mataarbechter | zirka 50.000 |
Ëmsaz | 21,3 Mrd. USD |
Branche | Mëschentreprise |
Homepage | virgin.com |
D'Virgin Group ass e brittesche Mëschkonzern dee vum Sir Richard Branson gegrënnt gouf. D'Virgin Group faasst Deelentreprisen an ënerscheetleche Beräicher, zum Beispill am Museksgeschäft, an der mobiller Telekommunikatioun, an an der Loftfaart.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]1970 hat de Richard Branson déi éischt Entreprise gegrënnt, déi den Numm Virgin kritt hat. Si war virun allem op de Schallplackeversand spezialiséiert an hat och spéider Plackebutteker bedriwwen. 1972 koum d'Grënnung vun Virgin Records, mat engem Tounstudio zu Oxfordshire, derbäi. 1973 koum den éischten Album vum Mike Oldfield (Tubular Bells) bei Virgin Records eraus, dee méi wéi fënnef Millioune Mol verkaaft gouf. Dëse finanzielle Erfolleg war de Grondsteen fir all weider Aktivitéiten vum Branson. Hien huet aner Firmen gegrënnt, déi all ënner dem Label "Virgin" gelaf sinn.
D'Grënnung vu senger Fluchgesellschaft Virgin Atlantic Airways hat d'Virgin-Grupp an de fréien 1990er Joren a finanziell Nout bruecht. Als Folleg hat de Branson 1992 d'Virgin Records, dunn eng vun de sechs gréissten Entreprisen an der Musekbranche, mat allen Opnamestudioe fir eng Milliard US-Dollar den EMI-Records misse verkafen. 1996 ass hien nees mat V2 Records an d'Musekgeschäft agetrueden, huet d'Entreprise awer 2006 nees verkaf.
Am Fréijoer 1993 huet hien dem Virgin Radio säi Programm mat enger Live-Uso vum Branson lancéiert. De kompletten Ëmsaz vun der Virgin Group war 2002 véier Milliarde Pond Sterling.
2006 gouf Virgin Mobile fir 690 Millioune Pond verkaf. Am Februar 2007 gouf bekannt, datt Virgin mat der brittescher Entreprise Game Domain International eng 3D-Spillewelt mam Numm A World Of My Own eraus géif ginn, déi de PC-Spill-Maart revolutionéiere sollt. Ëmgesat gouf dat awer ni.
An der Formel 1-Saison 2009 war d'Virgin Group Sponsor vum Formel 1-Team Brawn GP. An der Formel 1-Saison 2010 goung Virgin wéinst engem ëmfangräiche Sponsoring-Kontrakt mam brittesche Rennstall Manor Grand Prix ënner eegenem Numm mam Team Virgin Racing un de Start.[1]
Zanter 2017 investéiert Virgin an d'Entreprise Hyperloop One, déi a Virgin Hyperloop One ëmbenannt gouf. D'US-amerikanesch Entreprise schafft un der Entwécklung an Ëmsetzung vum Hyperloop-Konzept (Héichvitesstransport).
Konzernstruktur
[änneren | Quelltext änneren](Stand: ??)
Entreprise vun der Virgin Group
[änneren | Quelltext änneren]Fluchgesellschaften
[änneren | Quelltext änneren]- Virgin Atlantic Airways – brittesch Fluchgesellschaft (20 %)
- Virgin Australia – australesch Fluchgesellschaft (fréier Virgin Blue) (8,7 %)
- Virgin Samoa – samoanische Tochtergesellschaft von Virgin Australia (fréier Polynesian Blue) (8,7 %)
Weider Branchen
[änneren | Quelltext änneren]- Virgin Active – Fitnessstudio-Ketten an Südafrika, Spuenien, Italien a Groussbritannien (2015 zu 80 % un Brait SE verkaf)
- Virgin Balloon Flights – Waarmloftballon-Ubidder
- Virgin Books – Buchverlag an -handel
- Virgin Charter – Broker fir Flich mat Privatjets
- Virgin Comics – Indesche Comic-Verlag
- Virgin Cosmetics – Kosmeetik- a Bijousgeschäft
- Virgin Drinks – Gedrénksfabrikant, produzéiert ë. a. Virgin Cola a Virgin Vodka
- Virgin Electronics – Elektronikgeschäft (fréier Virgin Pulse)
- Virgin Experience Days – Eventmarketing
- Virgin Flowers – Online-Blummebuttek
- Virgin Jewellery – Bijousfabrikant ënner der Mark Virgin Vie
- Virgin Spa – Buttekschaîne fir Produkter vu Virgin Cosmetics
- Virgin Galactic – Entreprise, déi kommerziell Weltraumflich betreiwen a vermaarte wëll
- Virgin Games – Online-Casino
- Virgin Green Fund – Gesellschaft, déi an Alternativen zum Petrol investéiert (fréier Virgin Fuels)
- Virgin Health Bank – Agentur fir d'Lagerung vu Stammzellen vu Puppelcher
- Virgin Holidays – Reesagentur, déi enk mat Virgin Atlantic Airways zesummeschafft
- Virgin Limited Edition –Luxushotelketten
- Virgin Limobike – Motorradtaxi-Firma zu London
- Virgin Limousines – Limousinen-Service zu San Francisco an Nord-Kalifornien
- Virgin Media – Telekommunikatiounentreprise (fréier tnl:Telewest)
- Virgin Mobile – Mobil Telekommunikatiounsentreprise an Groussbritannien, Australien, Kanada, Südafrika, Polen, den USA, Frankräich a soss nach Länner
- Virgin.net – Internetdéngschtubidder
- Virgin Megastore – Multimedia-Geschäftsketten (a Groussbritannien ufanks duerch Zavvi, dann duerch HMV iwwerholl)
- Virgin Money – Finanzdéngschtleeschter, bitt ënner anerem d'Virgin Credit Card un
- Virgin Oceanic – Betreiwer vun engem U-Boot fir Fuerschungszwecker
- Virgin Play – spuenesche Videospill-Verkaf
- Virgin Pulse - Digital Léisungen am Beräich betriblecht Gesondheets-Management a Mataarbechter-Engagement
- Virgin Produced - Sponsor vu Filmer
- Virgin Radio – weltwäit ettlech Radiosender, dorënner a Frankräich, Italien an an der Schwäiz
- Virgin Trains – brittesch Eisenbunentreprise (51 %)
- Virgin Unite – Hëllefsorganisatioun
- Virgin Vacations – |US-amerikanesch Reesorganisator
- Virgin Vines – kalifornesche Wäiproduzent
- Virgin Voucher – Agence fir Geschenkbongen a Mataarbechterprimmen
- Virgin Ware – Kleedermark an -handel
- Virgin Wines – Online-Wäinhandel
- V Festival – Musekfestival a Groussbritannien, Australien an an den USA
Fréier Entreprisë vun der Virgin Group
[änneren | Quelltext änneren]- Air Nigeria – nigerianesch Fluchgesellschaft (fréier Virgin Nigeria)
- Brussels Airlines – belsch Fluchgesellschaft; haut Deel vun der Däitsch Lofthansa AG
- Pacific Blue – neiséilännesch Duechtergesellschaft vun Virgin Australia
- Virgin America – US-amerikanesch Fluchgesellschaft
- V Australia – Duechtergesellschaft fir Laangstreckenflich vu Virgin Australia
- Virgin Brides – Fachgeschäft fir Brautkleeder zu Manchester
- Virgin Cars – Verkafsagentur fir Autoen an Groussbritannien
- Virgin Cinema – Kinobedreiwer; haut Deel vum UGC Cinema
- Virgin Digital – Online-Musekdéngscht
- Virgin Express – belsch Bëllegfluchgesellschaft; zesummengeschloss mat Brussels Airlines
- Virgin Games - e Videospill-Entwéckler
- Virgin Interactive – Publisher vu Computerspiller; haut Deel vun Titus Interactive
- Virgin Lightships – Bedreiwer vu Loftschëffer; haut The Lightship Group
- Virgin Racing – Formel 1-Team
- Virgin Records – Musikverlag; haut Deel vun EMI
- Virgin Sun Airlines – brittesch Charterfluchgesellschaft; haut Deel vun Thomson Airways
- V2 Records – Independent-Label; haut Deel vun Universal Music
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Offiziell Websäit
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (en) Manor GP set to be rebranded as Virgin Racing – Artikel bei BBC Sport, vum 30. November 2009