Donald Trump

Vu Wikipedia
Donald Trump
Funktioun
45. President vun den USA
20. Januar 2017 - 20. Januar 2021
Virgänger Barack Obama
Nofollger Joe Biden
Partei Republikanesch Partei
Biographie
Gebuertsnumm Donald John Trump
Gebuer 14. Juni 1946
Educatioun Fordham University,
Wharton School,
University of Pennsylvania
Bestuet mat Melania Trump
Geschwëster Robert Trump, Elizabeth Trump Grau
Kanner Ivanka Trump, Tiffany Trump, Barron Trump


Den Trump Tower zu New York

Den Donald John Trump, gebuer de 14. Juni 1946 zu New York, ass en US-amerikaneschen Entreprener, deen och als Televisiounsperséinlechkeet, Auteur a Politiker aktiv war. Vun 2017 bis 2021 war hien de 45. President vun den USA.

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Den Trump ass an der Stad New York gebuer an opgewuess. Hien huet Ekonomie op der University of Pennsylvania studéiert a krut 1968 säi Bachelorofschloss. Wärend sengem Studium huet hien an der Immobilien- a Baufirma vu sengem Papp Fred Trump geschafft. 1973 huet hien de Betrib iwwerholl an e spéider an The Trump Organization ëmbenannt. A senger Carrière huet den Trump Héichhaiser, Hoteller, Casinoen, Golfplazen an eng ganz Rei aner Immobilieprojete baue gelooss, vun deenen der vill säin Numm hunn, wéi zum Beispill den Trump Tower zu Manhattan.

Den Trump huet virun de Presidentschaftswalen 2000 kuerz eng Kandidatur fir d'Reformpartei a Betruecht geholl, mä et sech awer virun de Virwalen anescht iwwerluecht. Vun der Zäitschrëft Forbes gëtt hien als ee vun de 400 räichste Milliardären op der Welt gelëscht, a seng Entreprisen a säi Privatliewe stoussen zënter Joerzéngten op Medieninteressi. Tëscht 2004 an 2015 hat hie seng eegen an erfollegräich Reality-TV-Serie: The Apprentice.

Am Juni 2015 huet den Trump seng Kandidatur als Presidentschaftskandidat fir d'Republikanesch Partei annoncéiert a konnt sech séier als Favorit etabléieren. Seng Theeme waren d'Oppositioun géint d'Handelsofkommesse wéi dem Nordamerikanesche Fräihandelsofkommes (NAFTA) oder der Transpazifescher Partnerschaft, d'Reduktioun an eng besser Kontroll vun der Immigratioun mat ënner anerem dem Bau vun enger Mauer tëscht den USA a Mexiko, d'Ofschafe vum Affordable Care Act[1] an d'Erofsetze vun de Steieren. Am Juli 2016 ass hie formell als republikanesche Presidentschaftskandidat nominéiert ginn, nodeems seng lescht Rivalen hir Campagnen am Mee opginn haten.

Dem Trump seng Kandidatur huet vun enger grousser nationaler an internationaler Mediepresenz profitéiert. Seng Aussoen an Interviewen an op Walkampfevenementer waren dacks kontrovers. Sou huet hien zum Beispill virgeschloen, de Moslemen d'Arees an d'USA ze verbidden.

Den 8. November 2016 huet hie mat enger Majoritéit vu Walmänner géint d'Kandidatin vun den Demokraten, d'Hillary Clinton, gewonnen. Hie gouf den 20. Januar 2017 vereedegt.

Als President[änneren | Quelltext änneren]

Den Donald Trump am Januar 2017 wärend senger Vereedegung als President

Profil als President[änneren | Quelltext änneren]

Den Donald Trump war den eelsten an de räichste Kandidat, dee bis dohin eng Presidentschaftswal an den USA gewonnen huet, an deen éischten ouni Erfarung am Militär- oder Regierungsdéngscht. Hie war och de fënnefte Kandidat, deen d'Wal gewonnen huet ouni d'Majoritéit vun de Stëmmen ze kréien.[2] Seng Wal huet vill Protester ervirgeruff. Dem Donald Trump seng politesch Positiounen als President hunn als populistesch, protektionistesch an nationalistesch gegollt. Seng Presidentschaft war héich ëmstridden, ënner anerem wéinst de villen Ligen, déi hien erzielt huet an déi gutt dokumentéiert a widderluecht goufen.[3],[4],[5],[6],[7] Vill vu senge Commentairen an Aktioune goufen och als rassistesch[8],[9] a fraefeindlech empfonnt.

Innepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Wärend senger Presidentschaft huet den Trump en Areesverbuet fir Bierger aus majoritär muslimesche Länner an e puer anere Staaten erlooss a Sécherheetsbedenken als Ursaach uginn. Nodeems dat Verbuet rechtlech attackéiert gouf, huet dat iewescht Geriicht déi drëtt Revisioun vum Dekreet schlussendlech fir valabel erkläert.[10] Hien huet och Steiererliichterunge fir Eenzelpersounen an Entreprisen duerchgesat,[11] d'Krankekeesemandat fir Eenzelpersounen opgehuewen[12] a Pëtrolsbuerungen an der Arktis erlaabt (déi spéider viru Geriicht blockéiert goufen).[13] De President Trump huet den Dodd-Frank Act deelweis opgehuewen, deen de Banken no der Finanzkris vun 2008 méi streng Reegelen operluecht hat.[14]

Hien huet mam Neil Gorsuch, dem Brett Kavanaugh an der Amy Coney Barrett erfollegräich dräi Riichter fir d'Iewescht Geriicht nominéiert.[15]

Aussepolitik[änneren | Quelltext änneren]

Den Donald Trump an de Kim Jong-un um historesche Sommet 2018 zu Singapur. Et war dat éischt Treffen tëscht engem amerikaneschen an engem nordkoreanesche Staatschef.

An der Aussepolitik huet den Donald Trump seng Politik vun America First verfollegt an d'USA aus den Handelsverhandlunge fir d'Trans-Pazifik-Partnerschaft, dem Paräisser Ofkommes iwwer de Klimawandel an dem iraneschen Atomofkommes zeréckgezunn. Hien huet Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt, Importtariffer op bestëmmte Wueren agefouert an domat en Handelskrich mat China ausgeléist. Dernieft huet hien ouni Succès mat Nordkorea iwwer eng Entnukleariséierung verhandelt.

Ermëttlung a Mueller Report[änneren | Quelltext änneren]

Am Mee 2017 huet den Donald Trump den FBI-Direkter James Comey mat direktem Effet entlooss. Deen hat uginn, datt den FBI scho virun de Wale mat enger Enquête iwwer dem Donald Trump seng Relatioune mat der russescher Regierung ugefaangen hat. Nom Comey senger Entloossung huet de Justizministère de Robert Mueller zum Spezialberoder beruff, fir eng Enquête iwwer d'Verbindungen tëscht dem Trump senger Presidentschaftscampagne an der russescher Regierung an där hir Amëschung an d'amerikanesch Walen ze leeden. Déi Enquête huet zu Scholdbekenntnesser vu fréieren Trump-Mataarbechter gefouert. Den 22. Mäerz 2019 huet de Mueller säi Rapport dem Justizminister William Barr virgeluecht, deen zwéin Deeg duerno seng eegen Interpretatioun vun den Ermëttlunge ginn huet a weider geriichtlech Mesure géint den Trump a säi Walkampfteam ausgeschloss huet. Den 18. Abrëll 2019 ass de Bericht deelweis zenséiert der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn.

Dem Rapport no goufen et ganz vill Verbindungen tëscht der russescher Regierung an dem Walkampfteam vum Donald Trump, an d'Trump-Campagne hätt sech erwaart, vun der Aarbecht vu russeschen Hacker bei de Walen ze profitéieren. Schlussendlech konnt d'Enquête awer net etabléieren, datt Membere vum Trump senger Campagne en Deel vun enger Koordinatioun oder Verschwierung mat der russescher Regierung an där hirem Agrëff am amerikanesche Walkampf wieren. Wat d'Rechtsbehënnerung duerch den Trump betrëfft konnt d'Enquête net dorop schléissen, datt de President e Verbrieche begaangen hätt. Si huet hien awer och net entlaascht, well d'Ermëttler souwuel ëffentlech wéi och privat Aktioune vum President entdeckt haten, déi als onzoulässegen Afloss op strofrechtlech Ermëttlunge kënnen interpretéiert ginn.[16][17],[18]

Covid-19-Pandemie[änneren | Quelltext änneren]

Dem Donald Trump seng Reaktioun op d'Coronaviruspandemie war lues. Hien huet a senge Messagë vill Recommandatioune vu Gesondheetsbeamten ignoréiert oder widdersprach, an Informatiounen iwwer net-bewisen Traitementer an an d'Néidegkeet, sech testen ze loossen, promouvéiert.

Defaite bei de Walen 2020[änneren | Quelltext änneren]

2020 huet den Trump d'Presidentewal géint den Joe Biden verluer, mä refuséiert seng Néierlag anzegestoen. Hien huet fälschlecher Weis behaapt, et wier zu groussflächegem Walbedruch komm an hien huet probéiert, d'Resultater annuléieren ze loossen andeem hie Regierungsbeamten ënner Drock gesat huet, vill rechtlech Ufechtunge lancéiert huet, déi all keen Erfolleg haten, an de Presidentewiessel gestéiert huet. De 6. Januar 2021 huet hie seng Supporteren dozou gedrängt bei de Kapitol ze marschéieren, de Sëtz vum amerikanesche Kongress. Vill vu sengen Ënnerstëtzer hun de Kapitol dunn attackéiert. Bei där Attack sinn e puer Leit ëm d'Liewe komm an d'Walauszielung ënnerbrach ginn. Déi Attack an dem Donald Trump seng Roll dobäi goufen international vu villen Organisatiounen a Länner schaarf verurteelt.

Impeachment[änneren | Quelltext änneren]

Den Donald Trump ass déi eenzeg Persoun, déi op federalem Niveau an den USA gewielt gouf an déi zweemol "impeacht" gouf. En "impeachement" ass an den USA eng Prozedur, fir eng gewielt Persoun aus hirem Amt ze enthiewen. Déi éischte Kéier war 2019, nodeems hien Drock op d'Ukrain ausgeüübt huet, fir géint den Joe Biden ze ermëttelen. Dofir huet d'Representantenhaus hie wéinst Muechtmëssbrauch a Behënnerung vum Kongress ugeklot. Am Senat gouf hien am Februar 2020 vu béiden Uklopunkte fräigeschwat. Am Januar 2021 huet d'Representantenhaus hien eng zweete Kéier ugeklot, wéinst Ustëftung zum Opstand. De Senat huet hien am Februar fräigesprach, nodeems hie schonn net méi President war.

Privatliewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Donald Trump war bis elo dräimol bestuet an huet fënnef Kanner. Säin éischt Bestietnes mam tschechesche Model Ivana Zelníčková huet vun 1977 bis 1991 gehalen. Déi zwee hunn dräi Kanner zesummen. Vun 1993 bis 1999 war hie mat der Schauspillerin Marla Maples bestuet, mat där hien e Meedchen huet. Zënter 1998 war hie mam sloweenesche Model Melania Knauss liéiert, mat deem en zënter 2005 bestuet ass an dat 2006 hire Jong op d'Welt bruecht huet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donald Trump – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Patient Protection and Affordable Care Act ass e Gesetz aus dem Joer 2010, dat den Zougank zur Krankeversécherung reegelt an e bedeitenden Aspekt vum US-Gesondheetssystem ass. Et gëllt als zentrale Bestanddeel vun der Politik vum President Obama.
  2. Presidentewalen an den USA gi vum Electoral College entscheet, fir deen all Bundesstaat eng bestëmmt Zuel vu Walmänner a -frae wielt (déi Zuel spigelt d'Representatioun am Kongress vun de Vereenegte Staaten erëm) an all d'Delegéiert vun den eenzele Staate wiele fir de Gewënner an hirem jeeweilege Staat. Doduerch ass et méiglech, datt e Kandidat zum President ka gewielt ginn, obwuel a manner Eenzelstëmmen aus der Walbevëlkerung krut wéi den anere Kandidat. Zënter 1824 bis zur Wal vum Donald Trump abegraff ass dat fënnefmol geschitt.
  3. The Washington Post: President Trump has made 9,014 false or misleading claims over 773 days (4. Mäerz 2019)
  4. American Ethnologist op AntroSource: An anthropology of lying: Trump and the political sociality of moral outrage (27. Abrëll 2017)
  5. The New York Times: Trump and the Truth: A President Tests His Own Credibility (17. Mäerz 2018)
  6. The Star: Donald Trump’s strategy as mid-terms approach: lies and fear-mongering (22. Oktober 2018)
  7. The New Yorker: It’s True: Trump Is Lying More, and He’s Doing It on Purpose (3. August 2018)
  8. Vox: Donald Trump’s long history of racism, from the 1970s to 2019 (15. Juli 2019)
  9. The Atlantic: An Oral History of Trump’s Bigotry (Juni 2019)
  10. Tagesschau: Trump bekommt sein Einreiseverbot (26. Juni 2018)
  11. The Balance: Trump's Tax Plan and How It Affects You (leschten Update 25. Juni 2019)
  12. BBC: Obamacare: Has Trump managed to kill off Affordable Care Act? (29. Mäerz 2019)
  13. The New York Times: Trump’s Order to Open Arctic Waters to Oil Drilling Was Unlawful, Federal Judge Finds (30. Mäerz 2019)
  14. Bloomberg: Trump Signs Biggest Rollback of Bank Rules Since Dodd-Frank Act (24. Mee 2018)
  15. Quartz: Trump’s Supreme Court appointees so far don’t actually agree on much (24. Mee 2019)
  16. bostonglobe.com: What the Mueller report says about Trump and more (18. Abrëll 2019)
  17. time.com: Here Are the Biggest Takeaways From the Mueller Report (19. Abrëll 2019)
  18. Report on the Investigation Into Russian Interference in the 2016 Presidential Election