George H. W. Bush

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
George H. W. Bush
Funktioun
41. President vun den USA
20. Januar 1989 - 20. Januar 1993
Virgänger Ronald Reagan
Nofollger Bill Clinton
Partei Republikanesch Partei
Biographie
Gebuertsnumm George Herbert Walker Bush
Gebuer 12. Juni 1924
Gestuerwen 30. November 2018
Houston
Educatioun Phillips Academy,
Yale Universitéit
Bestuet mat Barbara Bush
Papp Prescott Bush
Mamm Dorothy Walker Bush
Geschwëster Nancy Walker Bush Ellis, Jonathan Bush
Kanner George W. Bush, Jeb Bush


Den George Herbert Walker Bush, dacks einfach George Bush, gebuer den 12. Juni 1924 zu Milton, a gestuerwen den 30. November 2018 zu Houston, am Texas, war en US-amerikanesche republikanesche Politiker.

De George Bush war vun 1989 bis 1993 den 41. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.

Seng politesch Karriär huet hien 1967 als Deputéierte vum Representantenhaus fir Texas ugefaangen. De President Richard Nixon huet hien 1971 zum amerikaneschen Ambassadeur bei der UNO ernannt, vun 1974 bis 1975 war hien ënner dem President Gerald Ford Direkter vum Liaisounsbüro vun den USA a China a vun 1976 bis 1977 Direkter vum CIA. Vun 1981 bis 1989 war hien ënner dem President Ronald Reagan Vizepresident vun den USA.

1988 war hien de Spëtzekandidat vun de Republikaner; hien huet d'Wal gewonnen a gouf sou dem Reagan säin Nofollger am Wäissen Haus. 1992, wou e Kandidat fir seng eegen Nofolleg war, huet hien awer géint de Bill Clinton verluer.

Wärend senger Amtszäit koum et ë. a. zum Massaker op der Tienanmen-Plaz an zum Zesummebroch vun der kommunistesche Systemer a Mëtteleuropa, notamment och zum Fall vun der Berliner Mauer a vum Eisene Rideau. Bei all dësen Evenementer ass hien eng zeréckhalend-virsiichteg Politik gefuer, fir China, resp. d'Sowjetunioun net sou ze bruskéieren, datt dat sech zu engem Konflikt hätt kënnen héichspillen.

1990 huet hien, nom Iwwerfall vum Irak op de Kuwait, déi amerikanesch Arméi an de Süde vum Irak amarschéiere gelooss, déi zwar gehollef hunn, de Kuwait ze befreien, mä de Saddam Hussein a säi Regimm op hirer Plaz gelooss hunn ("Operation Desert Storm").

Hien ass de Papp vum George W. Bush, dee vun 2000 bis 2008 den 43. US-President war.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: George H. W. Bush – Biller, Videoen oder Audiodateien