William Henry Harrison

Vu Wikipedia
William Henry Harrison
Funktioun
9. President vun den USA
4. Mäerz 1841 - 4. Abrëll 1841
Virgänger Martin Van Buren
Nofollger John Tyler
Partei Whigpartei
Biographie
Gebuer 9. Februar 1773
Gestuerwen 4. Abrëll 1841
Wäisst Haus
Educatioun University of Pennsylvania
Bestuet mat Anna Harrison


De William Henry Harrison, gebuer den 9. Februar 1773 op der Familljeproprietéit Berkeley Plantation, am Charles City County, Virginia, a gestuerwen de 4. Abrëll 1841 zu Washington war een U.S.-amerikanesche Generol, Politiker an den 9. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.

De 4. Abrëll 1841, nodeem hie knapps ee Mount President war, ass hien un enger Longenentzündung gestuerwen. Domat ass hien den éischte President dee wärend senger Amtszäit gestuerwen ass a bis elo dee mat der kierzter Presidence.

Hie war och de leschte President dee virun der amerikanescher Onofhängegkeetserklärung vun 1776 gebuer war a bis zum Ronald Reagan, deen eelste gewielte President.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Henry Harrison – Biller, Videoen oder Audiodateien