William Howard Taft

Vu Wikipedia
William Howard Taft
Gebuer 15. September 1857
Cincinnati
Gestuerwen 8. Mäerz 1930
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vun Cincinnati
Aktivitéit Riichter, Affekot, Procureur, Pedagog, Universitéitsprofesser, Politiker, Staatsmann, Schrëftsteller
Partei Republican Party
Member vun American Philosophical Society, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Helen Herron Taft
Geschwëster Charles Phelps Taft
Kanner Robert Taft

De William Howard Taft, gebuer de 15. September 1857 zu Cincinnati (Ohio) a gestuerwen den 8. Mäerz 1930 zu Washington war vun 1909 bis 1913 de 27. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika (Republikanesch Partei).

Hi war vun 1901 bis 1904 Gouverneur vun de Philippinnen a vun 1904 bis 1908 Krichsminister ënner dem President Theodore Roosevelt.

Vun 1921 bis 1930 war hien ieweschten US-amerikanesche Bundesriichter.