Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Bill Clinton
42. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika
E Schiet ass op seng zweet Amtszäit gefall duerch eng Affär mat senger Praktikantin Monica Lewinsky. Doropshi gouf eng Impeachment-Prozedur géint hien ageleet, déi awer keen Erfolleg hat. 1999 war hien haaptverantwortlech fir den NATO-Asaz am Kosovokrich géint déi deemoleg Bundesrepublik Jugoslawien (haut Serbien). Opgrond vun der Wirtschaftsentwécklung an Iwwerschëss am Sozialsystem konnt hien zum Schluss en ausgeglachene Budget presentéieren, wat déi éischt Kéier zanter 1969 de Fall war.