Barack Obama

Vu Wikipedia
Barack Obama
Funktioun
44. President vun den USA
Virgänger George W. Bush
Nofollger Donald Trump
Partei Demokratesch Partei
Biographie
Gebuertsnumm Barack Hussein Obama II
Gebuer 4. August 1961
Honolulu
Educatioun Columbia University,
Harvard Universitéit
Geschwëster Bernard Obama, George Obama, Mark Okoth Obama Ndesandjo, David Ndesandjo, Abo Obama, Malik Abongo Obama
Kanner Sasha Obama, Malia Obama


De Barack Hussein Obama II, gebuer de 4. August 1961 zu Honolulu op Hawaii[1], ass en US-amerikanesche Politiker (Demokratescher Partei). Hie war vum 20. Januar 2009 bis den 20. Januar 2017 de 44. President vun de Vereenegte Staaten.

Hien hat am November 2008 géint den John McCain d'Presidentschaftswalen an den USA gewonnen an huet den 20. Januar 2009 säin Eed als President geleescht.

De Barack Obama war den éischten afroamerikanesche President vun de Vereenegte Staaten an den éischte President, deen net um amerikanesche Kontinent gebuer ass, an zwar op Hawaii. Hien huet seng Funktioun matzen an der globaler Finanzkris ugetrueden an huet als eng vu sengen éischten Amtshandlungen e Konjunkturprogramm an Héicht vu 787 Milliarden Dollar duerchgesat. 2009 krut hie fir säin Engagement fir de Weltfridden an den Atomwaffen-Ofbau de Friddensnobelpräis. Am Fréijoer 2010 huet hien eng breet Gesondheetsreform ëmgesat, déi et fir d'éischte Kéier Millioune vun US-Amerikaner erméiglecht huet Zougank zu enger Krankenassurance ze kréien. Den 1. Mee 2011 konnt hie verkënnegen, datt eng Spezialunitéit vun der US-Arméi den zanter Jore gesichten Terrorist Osama bin Laden ëmbruecht hätt.

De 6. November 2012 gouf hie fir eng zweet Amtsperiod erëmgewielt, säi republikaneschen Erausfuerderer war dës Kéier de Mitt Romney. Am Fréijoer 2015 huet hien, no enger diplomatescher Kris vu bal 50 Joer, de Kontakt mat Kuba gesicht an d'politesch Bezéiunge mat der Karibikinsel verbessert. Och bei den Atomverhandlunge mam Iran huet hie sech dofir agesat, en Ausgläich ze fannen.

Privates[änneren | Quelltext änneren]

1992 huet den Obama sech mat der Affekotin Michelle Robinson bestuet. D'Koppel huet zwee Meedercher, d'Malia Ann (gebuer 1998) an d'Natasha (gebuer 2001).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Barack Obama – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2008-10-14. Gekuckt de(n) 2008-10-14.