Gerald Ford
| Gerald Ford | |
|---|---|
|
| |
| Funktioun | |
|
38. President vun den USA | |
| 9. August 1974 - 20. Januar 1977 | |
| Virgänger | Richard Nixon |
| Nofollger | Jimmy Carter |
|
40. Vizepresident vun den USA | |
| 6. Dezember 1973 - 19. Dezember 1974 | |
| Virgänger | Spiro Agnew |
| Nofollger | Nelson Rockefeller |
| Partei | Republican Party |
| Biographie | |
| Gebuertsnumm | Leslie Lynch King Jr. |
| Gebuer |
14. Juli 1913 Omaha |
| Gestuerwen |
26. Dezember 2006 Rancho Mirage |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun |
Universitéit vu Michigan, Yale Law School, Yale Universitéit |
| Gielercher | Presidential Medal of Freedom, Horatio Alger Award, Eagle Scout |
| Bestuet mat | Betty Ford (15.10.1948–26.12.2006) |
| Mamm | Dorothy Ayer Gardner Ford |
| Kanner | Steven Ford |
|
| |
Den Gerald Rudolph Ford, Jr., gebuer de 14. Juli 1913 zu Omaha, Nebraska, a gestuerwen de 26. Dezember 2006 zu Rancho Mirage, Kalifornien, war vun 1974 bis 1977 den 38. President vun den USA (Republikanesch Partei). Hien ass deen eenzegen amerikanesche President dee virdrun ni als President oder als Vizepresident gewielt gouf. Dem Gerald Ford säi Virgänger, de Richard Nixon, huet misse wéinst der Watergate-Affär zerécktrieden an doropshin ass de Gerald Ford President ginn.
De Vizepresident
[änneren | Quelltext änneren]Wéi de Vizepresident Spiro Agnew an der Zäit vun der Presidentschaft vum Richard Nixon zeréckgetrueden ass, huet deen de Ford als Nofollger designéiert. De Senat huet de 27. November 1973 mat 92:3 Stëmmen zougestëmmt. De 6. Dezember huet d'Representantenhaus mat 387:35 Stëmmen och säin Accord ginn.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gerald Ford – Biller, Videoen oder Audiodateien |
