Op den Inhalt sprangen

Mount

Vu Wikipedia

E Mount (vu Mound) ass eng Zäiteenheet an en Deel vun engem Joer.

Jee no Definitioun ass e Mount vun ënnerscheedlecher Dauer:

  • Am allgemenge Gebrauch d'Span vu 4 Wochen.
  • Kalennere gebrauche Méint fir d'Zäitandeelung. Dozou gliddere si eng Zäitspan vun engem Kalennermount engem Mountnumm zou.
    An eisem Kalenner dauert e Mount entweeder 28, 29, 30 oder 31 Deeg.
  • E Mount ass am astronomesche Sënn, definéiert durch d'Zäitspan vun engem vollstännegem Ëmlaf vun engem natierlechen Trabant. Am méi enke Sënn bezitt sech de „Mount“ awer nëmmen op den Äerdmound: De Moundmount dauert jee no Definitioun tëscht 27⅓ an 29½ Deeg.
Eng Iwwersiicht iwwer vill Uwendunge gëtt Kategorie:Mount

Grondlage vun der Kalennerrechnung

[änneren | Quelltext änneren]
Chineesesch Himmelsscheif mat Mountandeelung, Astronomeschen Zyklus mat 28 Deelungen

Lunatiounen – resp. hir Moyenne, de Synodesche Mount – op der Grondlag vu gläichen Äerdmoundphase maachen d'Grondbausteng vun den éischte Kalenneren, déi Lunar- oder Moundkalenner waren, a spéider deelweis zu Lunisolarkalenner weider entwéckelt goufen. Dës Kalennere sinn och haut nach a villen Deeler vun der Welt am Gebrauch, a beispillsweis de jiddesche Kalenner, den islamesche Kalenner an den traditionelle chineesesche Kalenner bezeechne weiderhin e Phasenduerchlaf vum Äerdmound als Mount. An der Zäit vun engem Sonnejoer leie vill Moundméint, soudatt ee bei der Aféierung vun engem Solar- oder Sonnekalenner d'Längt vun de Méint entspriechend huet missen upassen. Sou eng Bannung vun der Joreslängt un d'Dauer vun engem Äerdëmlaf ronderëm d'Sonn an déi domat verbonnenen Trennung vun de Méint vum Moundlaf goufe fir d'éischt am alen Egypten am Joer 238 v. Chr. agefouert. De Julius Caesar huet dëse Kalenner am Joer 46 v. Chr. och fir d'réimesch Republik iwwerholl.

Nieft dësem julianesche Kalenner an dem gregorianesche Kalenner, deen en ofgeléist huet an haut fir déi meescht Mënschen alldeeglech ass, sinn och nach e puer aner Sonnekalenneren am Gebrauch, bei deenen ee (Kalenner-)Mount als e bestëmmten Deel vum Sonnejoer mat enger festgeluechten Zuel vun Deeg definéiert gëtt, beispillsweis de griichesch-orthodoxe Kalenner, de koptesche Kalenner, den zoroastresche Kalenner, den iranesche Kalenner, de Malayalam-Kalenner an och verschidden südasiatesch Kalenner.

Astronomesch Definitiounen

[änneren | Quelltext änneren]

De Mount als Period vum Äerdmound op sengem Ëmlaf ëm d'Äerd.

Lunatioun
D'Zäitspan vun engem Neimound bis den nächsten Neimound. D'Lunatioun ass déi eigentlech Ursaach vum Mountbegrëff.
Si variéiert wéinst der komplizéierter Moundbeweegung tëscht 29 d 6½ h an 29 d 20h.

Follgend astronomesch Méint beschreiwen Mëttelwäerter, déi dofir op eng Standardepoch (am Moment J2000.0) bezu sinn:

An der Astronomie gëtt am Allgemengen d'Zäitspan tëscht zwou Widderhuelunge en Ereegnes, dat mat dem Ëmlaf vun engem belibege Mound ëm säi Planéit zesummenhänkt, also all vollstännegen Ëmlaf, als Mount bezeechent.

Nimm vun den 12 Méint

[änneren | Quelltext änneren]
Lëtzebuergeschanere lëtz. NummOfkierzungDäitschFranséischEnglesch
Januar HaartmountJanJanuarjanvierJanuary
Februar SpierkelFebFebruarfévrierFebruary
Mäerz LenzmountMäeMärzmarsMarch
Abrëll FréilengAbrAprilavrilApril
Mee BléiemountMeeMaimaiMay
Juni BroochmountJunJunijuinJune
Juli HeemountJulJulijuilletJuly
August KarschnatzAugAugustaoûtAugust
September HierschtmountSepSeptemberseptembreSeptember
Oktober WäimountOktOktoberoctobreOctober
November Wantermount, AllerhellegemountNovNovembernovembreNovember
Dezember ChrëschtmountDezDezemberdécembreDecember
 Commons: Months – Biller, Videoen oder Audiodateien