Mounddäischtert

Vu Wikipedia
Fotoe vun enger totaler Mounddäischtert (total Phasen ënne sinn méi laang beliicht)
Kärschiet (Umbra) an Hallefschiet (Penumbra) vun der Äerd
(Zeechnung net moossstafgetrei)

Bei enger Mounddäischtert oder Moundfënsternes leeft de Mound duerch dee vun der Äerd produzéierte Schiet a gëtt sou net méi oder nëmmen nach deelweis vun der Sonn voll beliicht. Dësen astronomeschen Evenement trëtt zu der Vollmoundphas an, virausgesat de Mound ass dann an der Géigend vun engem Moundknuet, wat ongeféier bei jiddwer sechstem Vollmound de Fall ass.

An der Astronomie ginn net nëmme sou Evenementer als Mounddäischterte bezeechent, bei deenen de Mound vum Kärschiet vun der Äerd deelweis oder ganz bedeckt gëtt, mä och déi wéineg opfälleg Evenementer, bei deenen de Hallefschiet duerchlaf gëtt. D'Antriede vun engem Mound an de Schiet vun engem Planéit gëtt Immersioun genannt.

Grondlagen[änneren | Quelltext änneren]

Grafft Schema vun de Konstellatioune fir Mounddäischterten a Sonnendäischterten.
Äerdbunn als grousse Krees, Moundbunn als kleng Kreesser; bei Moundstellungen 1 a 4 kann eng Mounddäischtert entstoen, bei 2 an 3 eng Sonnendäischtert.
(Ofstänn a Gréissten net moossstäblech, Moundbunnschréiegt ass vergréissert gewisen)

Bei Vollmound steet de Mound an Oppositioun zu der Sonn. Hien ass dobäi meeschtens iwwer oder ënner dem Niveau vun der Äerdëmlafbunn (Ekliptik), well den Niveau vun der Moundëmlafbunn liicht géint d'Ekliptik gebéit ass (ongeféier 5°). Läit hien no genuch bei engem vun de béide Schnëttpunkte (Moundkniet) vun der Moundbunn an Ekliptikniveau, sou fënnt eng Mounddäischtert statt. Beim nächste Vollmound ass d'Knuetlinn (als d'Verbindung tëscht de béide Kniet) meeschtens net méi op d'Sonn geriicht, an et ass da keng Däischtert. Beim sechste Vollmound a Folleg awer ass de Mound nees no bei engem Knuet (dës Kéier deen aneren), an eng Däischtert ass méiglech, wann eng maximal Knuetdistanz (Däischtert-Limit) net iwwerschratt gëtt.

No sechs Lunatiounen (ronn 177 Deeg, also manner wéi en halleft Joer) huet d'Äerd nach net d'Hallschent (180°) vun hirer Bunn absolvéiert. Awer och der Géigeknuet läit no dëser Zäit net méi géintiwwer (180°) dem Ausgangsknuet. D'Knuetlinn huet sech liicht réckwäerts gedréit, si weist souguer schonn no ronn 173 Deeg (en hallefts Däischtertjoer) nees op d'Sonn.

Am Ënnerscheed zu der Sonnendäischtert ass eng Mounddäischtert vun all Plaz vun der Äerdnuechtsäit aus ze gesinn a gesäit och iwwerall gläich aus. Dofir kann ee vun enger Plaz aus eng Mounddäischtert méi dacks observéiere wéi eng Sonnendäischtert. Dat täuscht doriwwer ewech, datt Sonnendäischterte méi heefeg wéi opfälleg Mounddäischterte sinn.

Aarte vu Mounddäischterten[änneren | Quelltext änneren]

Totale Kärschietdäischtert vum 28. August 2007
Partiell Mounddäischtert vun 1874 (Zeechnung vum Trouvelot, 1881)
Partiell Kärschietdäischtert vum 16. August 2008

Et ënnerscheet ee véier Aarte vun Mounddäischterten:

Total Mounddäischtert[änneren | Quelltext änneren]

Hei trëtt de Mound am Verlaf vun der Däischtert vollstänneg an de Kärschiet vun der Äerd an. Déi maximal méiglech Dauer vun der totaler Däischtert ass ronn 106 Minutten.[1] Laangwellegt (rout) Liicht vun der Sonn, dat d'Äerdatmosphär duerchdrénge kann, kann duerch d'Refraktion bewierken, datt de Mound als sougenannte Bluttmound schwaach siichtbar bleift.

Partiell Mounddäischtert[änneren | Quelltext änneren]

Nëmmen en Deel vum Mound daucht an de Kärschiet vun der Äerd an, de Rescht ass weiderhin am Hallefschiet.

Dobäi ass de Rand vum Kärschiet op dem Mound kreesfërmeg ze gesinn. Doraus hate schonn d'Griichen an der Antikéit erausfonnt, datt d'Äerd eng Kugel ass.

Total Hallefschietmounddäischtert[änneren | Quelltext änneren]

De Mound daucht vollstänneg an den Hallefschiet vun der Äerd, awer net an de Kärschiet an. D'total Hallefschietdäischtert ass ganz rar, well de Moundduerchmiesser ongeféier gläich grouss wéi d'Breet vum Hallefschiet-Rank ass (kuckt d'Graphik vun den Däischtertaarten). An de rare Fäll, an deenen de Mound genee duerch den Hallefschiet zitt, kann et nach sinn, datt den Hallefschiet eppes méi kleng wéi de Mound ass. Da ass dann eng nach net ganz total Hallefschietdäischtert, eng schonn partiell Kärschietdäischtert oder béides. Déi lescht total Hallefschietdäischtert war de 14. Mäerz 2006, déi nächst vun där Zort erwaarden d'Astronomen eréischt den 29. August 2053. Heibäi gesäit de Mound op där Plaz, déi dem Kärschiet am noosten ass, méi donkel aus.[2]

Partiell Hallefschietdäischtert[änneren | Quelltext änneren]

De Mound daucht nëmmen deelweis an den Hallefschiet an. Hien ass dobäi liicht verdonkelt. Nëmme wann d'Magnitud gréisser wéi 0,7 ass, ka mat fräiem A eng Däischtert op der Säit zum Kärschiet gesi ginn.[2]

Heefegkeet[änneren | Quelltext änneren]

Total a partiell Kärschietdäischtertee trieden am Duerchschnëtt am Verhältnes vun ongeféier 29 zu 34 Prozent (de Rescht zu 100 Prozent sinn Hallefschietdäischterten) respektiv am Verhältnes vu ronn 70 zu 84 Evenementer pro Joerhonnert op.[2]

Am 21. Joerhonnert waren zwar méi total (85) als partiell Kärschietdäischterten (57).[2] Ursaach war an éischter Linn dee staark variéierenden Ofstand vum Mound zu der Äerd.

Mounddäischterte lescht/dëst/nächst Joer[änneren | Quelltext änneren]

Mounddäischterten
Datum Antrëtt
Hallef-
schiet
Antrëtt
Kär-
schiet
Ufank
der
Totalitéit
Maximum Aart Enn
der
Totalitéit
Austrëtt
Kär-
schiet
Austrëtt
Hallef-
schiet
Gréisst Visualitéit
Mëtteleuropa
Quell
4. Juni 2012 08:48 10:00 - 11:04 partiell KS - 12:06 13:18 u: 0,3704 net ze gesinn
28. November 2012 12:15 - - 14:34 partiell HS - - 16:51 p: 0,9155 bei Moundopgank
25. Abrëll 2013 18:03 19:45 - 20:08 partiell KS - 20:21 22:11 u: 0,0148 bei Moundopgank
25. Mee 2013 03:53 - - 04:11 partiell HS - - 04:26 p: 0,0157 net ze gesinn
18. Oktober 2013 21:50 - - 23:51 partiell HS - - 01:50 p: 0,7649 komplett
15. Abrëll 2014 04:53 05:58 07:06 07:47 total (KS) 08:24 09:33 10:37 u: 1,291 net ze gesinn
8. Oktober 2014 08:15 09:14 10:25 10:55 total (KS) 11:24 12:34 13:33 u: 1,166 net ze gesinn

Dageszäiten a Weltzäit WZ (… + 1 Stonn = Mëtteleuropäesch Zäit MEZ; … + 2 Stonnen = Mëtteleuropäesch Summerzäit MESZ)

Total Mounddäischterte mat laanger Dauer tëscht 1900 an 2100[änneren | Quelltext änneren]

Dauer ≥ 100 min[3]

Datum Dauer
4. August 1906 1 h 41 m
16. Juli 1935 1 h 40 m
26. Juli 1953 1 h 41 m
25. Juni 1964 1 h 41 m
6. Juli 1982 1 h 46 m
16. Juli 2000 1 h 47 m
15. Juni 2011 1 h 40 m
27. Juli 2018 1 h 43 m
26. Juni 2029 1 h 42 m
7. Juli 2047 1 h 41 m
17. Juni 2076 1 h 41 m
28. Juni 2094 1 h 41 m

Den Datum gëtt all Kéier den Dag un, op deen d'Mëtt vun der Däischtert an UTC (Weltzäit) fält.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mounddäischtert – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J. Meeus: More Mathematical Astronomy Morsels, Willmann-Bell Inc., 2002, Kap.24 ISBN 0-943396-74-3
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 J. Meeus, H. Mucke: Canon der Mondfinsternisse -2002 bis +2526, 3. Oplo, S. XXVI. Astronomisches Büro, Wien, 3. Oplo 1992.
  3. NASA Eclipse Web Site