Vollmound

Vu Wikipedia
Vollmound
(Well d'Sonneliicht senkrecht op d'Moundsurface fält, si bei Vollmound kaum Krateren ze gesinn)

Vollmound ass eng vun de Moundphasen, an deen Zäitpunkt, wou d'Sonn an den Äerdmound an Oppositioun zouenee stinn. Also vun der Äerd aus gesinn an entgéintgesate Richtungen. De Mound ass dobäi meeschtens e bësschen iwwer oder ënner der Äerdëmlafbunn (Ekliptik). Läit hien zu dësem Zäitpunkt genee an der Héicht vun der Ekliptik, hu mer et mat enger Mounddäischtert ze dinn.

Déi genee Definitioun heescht:

Vollmound ass deen Zäitpunkt, zu deem déi visuell ekliptikal geozentresch Längt vum Mound ëm 180° méi grouss ass wéi déi visuell geozentresch ekliptikal Längt vun der Sonn.

Visuell heescht: ënner Bezuch vun Aberratioun an Nutatioun. D'Nutatioun kann an dësem Fall vernoléissegt ginn, well si déi zwou Positiounen d'selwecht beaflosst.
Geozentresch heescht: vun engem hypotheteschen Observateur am Äerdmëttelpunkt aus gesinn. D'Definitioun ass also onofhängeg vun der Standplaz vun engem realen Observateur; Vollmound trëtt dobäi weltwäit zum selwechten Zäitpunkt op (deen awer a verschiddenen Zäitzone verschidden Auerzäiten entsprécht).

Bei Vollmound erreecht de Mound seng maximal Hellegkeet an huet eng visuell Magnitude vun ongeféier -12,5 bis -13 mag. D'Hellegkeet vum Vollmound schwankt opgrond vun den ellipteschen Ëmlafbunne vun Äerd a Mound. Ass d'Äerd der Sonn besonnesch no (Perihel) an zugläich de Mound a sengem äerdnotste Punkt (Perigeum), dann ass de Vollmound ronn 22 Prozent méi hell wéi am ëmgekéierte Fall, wa béid Distanzen maximal sinn. Am September 2006 stoung de Vollmound ganz no um Perigeum, sou Konstellatioune kommen nëmme ronn all néng Joer vir.

De Contraire vum Vollmound ass de Neimound, wann de Mound tëscht Sonn an Äerd steet. An dësem Fall kann et zu enger Sonnendäischtert kommen.

Wat de Vollmound ausléist[änneren | Quelltext änneren]

De Vollmond ass mat verantwortlech fir:

  • verstärkt Gezäiten
  • Äerdbiewe ginn duerch d'Moundunzéiungskraaft verstäerkt. Fuerschunge lafen an déi Richtung.
  • negativen Afloss bei eenzelen Déieren a bei
  • verschiddene Mënschen (Nuetswandelen an Aggresivitéit).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vollmound – Biller, Videoen oder Audiodateien