Gezäiten

Vu Wikipedia
Héich- an Niddregwaasser bei engem Schëffsquai an der Bay of Fundy.

Ënner Gezäiten oder Ebbe a Flut versteet een d'Beweegunge vun de Waassermassen an den Ozeaner, déi als Folleg vun der Gravitatioun vum Mound a vun der Sonn duerch d'Gezäitekräfte verursaacht ginn. Si bewierken datt de Mieresspigel erop- an erofgeet, wat virun allem a Küstegéigenden Auswierkungen huet. Dës geschitt bannent knapps 25 Stonnen zweemol. Et sinn eppes iwwer 24 Stonnen, well d'Unzéiungskraaft vum Mound liicht méi grouss ass wéi déi vun der Sonn, an de Mound an der Moyenne all 24 Stonnen an 49 Minutten am Azimut ass.

Den Zäitraum, an deem den Niveau vum Waasser klëmmt, gëtt "Flut" genannt; dee, wou en erofgeet, "Ebbe".

Gezäiten entstinn duerch d'Zesummewierke vun der Dréiung vun der Äerd ëm sech selwer am (praktesch feste) Gravitatiounsfeld vu Mound a Sonn, an der Tatsaach, datt dat Gravitatiounsfeld net iwwerall d'selwecht staark ass, mä d'Äerd liicht an d'Längt zitt. Déi Kräften, déi dat verursaachen heesche Gezäitekräften. Eng Plaz op der Äerd ereecht deemno bei all Ëmdréiung (also all Dag) jee zweemol e Punkt mat maximaler a mat minimaler Gezäitekraaft. Dës Gezäitekraaft ass zwar zéng Milliounemol méi kleng wéi d'Äerdunzéiungskraaft, ma geet duer fir e Gläichgewiichtszoustand, dee soss stabil wier, ze destabiliséieren. D'Ozeane reagéieren op déi Stéierungen doduerch, datt Stréimungen hin an hier ginn; wat sech bei de Küsten duerch en Hiewen an Eropfgoe vum Mieresspigel bemierkbar mécht.

Bei Voll- an Neimound stinn d'Sonn an de Mound vun der Äerd aus gekuckt op enger Linn, sou datt hir Wierkunge sech addéieren, an et sou zu enger méi staarker sougenannter Sprangflut kënnt. Ronn all 15 Méint ass déi besonnesch staark, wann de Mound am Perigeum steet, dat heescht am nooste bei der Äerd op senger ellyptescher Ëmlafbunn.

Och d'Morphologie vun de Küsteregioune bewierkt, datt d'Schwankunge vum Mieresspigel méi oder manner grouss sinn; meeschtens awer op d'mannst 1 Meter. Bei flaache Küsten, Buchten oder Flossmëndunge si se besonnesch staark.

D'Gezäite setzen duerch déi provozéiert Stréimungen, absënns a Küstegéigenden, eng staark kineetesch Energie fräi, déi vun engem Gezäitekraaftwierk ausgenotzt ka gi fir elektresche Stroum ze gewannen, wéi z. B. um Barrage vun der Rance an der Normandie.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolfgang Glebe: Ebbe und Flut: das Naturphänomen der Gezeiten einfach erklärt. Delius Klasing, Bielefeld 2010, ISBN 978-3-7688-3193-2.
  • Andreas Malcherek: Gezeiten und Wellen – Die Hydromechanik der Küstengewässer. Vieweg + Teubner, Wiesbaden 2010, ISBN 978-3-8348-0787-8.
  • [Günther Sager: Mensch und Gezeiten: Wechselwirkungen in zwei Jahrtausenden. Deubner, Köln 1988, ISBN 3-7614-1071-9.
  • Paul Melchior: The tides of the planet earth. Pergamon Press, Oxford 1978, ISBN 0-08-022047-9 (englisch).
  • David E. Cartwright: Tides – a scientific history. Cambridge Univ. Press, Cambridge 1999, ISBN 0-521-62145-3 (englisch).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gezäiten – Biller, Videoen oder Audiodateien