Konstellatioun

Vu Wikipedia

Ënner Konstellatioun faasst een an der visueller Astronomie an an der astronomescher Phenomeenologie déi visuell Positioun vun den Himmelskierper a Fixstären zoueneen a Bezuch op de Standpunkt vum Observateur zesummen. Et handelt sech dobäi ëm visuell Himmelsublécker. Dat Wuert kënnt vum laténgeschen stella „Stär“ an dem Préfix con, fräi iwwersat „Zesummentreffe vu Stären“. Säin urspréngleche Sënn gëtt bis haut an der Astronomie a bei der Raumfaart gebraucht.

Konstellatiounen sinn déi relativ Stäreplazen (Stärekonstellatioun), d'Stellunge vun Himmelskierper a Bezuch zum Fixstärhimmel (Planéitestand, Moundstand asw.) an engem gewësse Koordinatesystem oder zoueneen (Aspekt, v. lat.: aspectus = Ubléck, Usiicht), wéi och d'Positioun vun Himmelskierper zu den himmelsmechanesche Referenzpunkten (Equinoxe, Periapsis, Himmelspol an aner).

Speziell Konstellatiounen hunn eegen Nimm, ginn awer haut no den – historesche Begrëffer – Stären, „Wandelstären“ (Planéiten, Asteroiden, Mounden) getrennt als Phenomeener vun der Astrometrie („Stärevermoossung“) oder astronomesch Ereegneser vun der Ephemeridenrechnung („astronomescht Tagebuch“).

Konstellatioune vu Planéiten, Mounden, Koméiten an änlechem[änneren | Quelltext änneren]

Déi gebräichlechst Beispiller vu sou Konstellatioune bezéie sech op de Wénkel tëscht engem Objet an der Sonn relativ zu der Äerd, d'Elongatioun, d'Differenz vun der ekliptikal Längt vu Sonn an Objet:

Stärekonstellatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Asterismen, visuell Stärenusammlungen
    • déi 88 Stärebiller, déi vun der IAO als internationale Standard vun der Himmelskartéierung festgeluet goufen
    • Historesch Stärebiller vun der westlecher Astronomie
    • Kartéiersystemer vun anere Kulturen (Sumerer, China, Indien, Mayas asw.)
    • Hell Stärekéip – besonnesch bei opfälleger Form: Dëst sinn – wéi uewen ernimmt – an éischter Linn visuell Heefungen
  • richteg Stärenusammlunge stinn och tatsächlech raimlech enk: