Himmelsmechanik

Vu Wikipedia

D'Himmelsmechanik oder d'Astrodynamik ass d'Beschreiwung vun der Beweegung vun astronomeschen Objeten (wéi z. B. Stären oder Planéiten) ënner sech, mat Hëllef vu physikaleschen a mathemateschen Theorien.

Am bekanntsten ass d'Beschreiwung vun der Planéitebeweegung duerch déi klassesch Mechanik mat Hëllef vun der Newtonescher Gravitatiounstheorie.

Am Laf vun der Astronomie-Geschicht gouf d'Wierkung vun der Gravitatioun tëscht astronomesche Kierper (z. B.: d'Planéiten am Sonnesystem) duerch modern Theorien ëmmer méi genee beschriwwen. – Sou ass et gelongen, d'Beweegung vum Planéit Merkur mat Hëllef vun der allgemenger Relativitéitstheorie ganz genee ze beschreiwen.

Mat Hëllef vun der Himmelsmechanik ginn haut all d'Eegebeweegunge vun Himmelskierpere beschriwwen.

Dobäi handelt et sech besonnesch ëm d'Beweegungen:

Eng historesch Method vun der Himmelsmechanik am geozentresche Weltbild ass d'Epizykel vum Ptolemäus.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Himmelsmechanik – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Astronomy of the Earth's Motion in Space, high-school level educational web site by David P. Stern
  • (en) Newtonian Dynamics Undergraduate level course by Richard Fitzpatrick. This includes Langrangian and Hamiltonian Dynamics and applications to celestial mechanics, gravitational potential theory, the 3-body problem and Lunar motion (an example of the 3-body problem with the Sun, Moon, and the Earth).